Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV weider géint komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung

Verfassungsreform

CSV weider géint komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung

Fir d'CSV kéim et weiderhin net a Fro eng komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung ze verankeren. Dat seet hire Spriecher a Verfassungsfroen, de Léon Gloden, nodeems de Conseil d'Etat gëschter op deem Punkt e ganz kriteschen Avis virgeluecht huet.

auto_stories

1 min

Hie perséinlech kéint sech awer virstellen, datt een op déi initial Propos vum CSV-Politiker Paul-Henri Meyers zeréck kënnt. An där war virgesi festzehalen, datt de Parquet onofhängeg ass, wat d'opportunités des poursuites ugeet, datt de Ministère e gewëssent Weisungsrecht behält an datt et de Ministère ass, deen d'Politique criminelle festleet.