déi gréng hunn net nëmmen zu Lëtzebuerg eng Wahlvictoire ze verzeechnen, mee och an den Nopeschlänner hunn déi gréng zougeluecht. Dat huet domat ze dinn, datt an de leschte Méint d'Klimapolitik staark an den Debatten thematiséiert gouf.
Am Allgemenge kéint ee soen, datt souwuel bei der LSAP wéi och bei der CSV d'Spëtzekandidaten net optimal waren am Verglach mat enger DP, déi eng clever Kandidatelëscht presentéiert hätt, seet d'Anna-Lena Högenauer vun der Uni Lëtzebuerg. De Charles Goerens wier en erfuerenen Europapolitiker an hätt däitlech méi Stëmme kritt, wéi all déi aner Kandidaten. Hien hätt 97.000 Stëmme kritt an den Zweetgewielten hätt 35.000 Stëmme manner kritt.
Déi Jonk mobiliséieren
Kuckt een d'Wahlresultater, da mierkt een iwwerdeems, datt virun allem an de méi grousse Stied, wéi an der Haaptstad oder zu Esch an Déifferdeng, déi gréng u Stëmme gewonnen hunn. Et wier kloer, datt d'Politiker an der Stad net am direkte Kontakt mat den Awunner stinn, deemno géif - anescht wéi an de klenge Gemengen - de Wunnsëtz vum Kandidat keng esou grouss Roll spillen. Et misst een als Kandidat a grousse Stied dowéinst gutt vernetzt sinn, a lokale Veräiner aktiv sinn.
Zur Situatioun an der Stad Lëtzebuerg, wou d'CSV 20 Prozentpunkte verléiert, dierft een net vergiessen, datt de Premier Xavier Bettel hei ganz beléift ass, seet d'Anna-Lena Högener. Datt d'CSV a gréisserer Gemenge verléiert hätt och domat ze dinn, datt d'Awunner do méi jonk sinn an och d'Unzuel vu Leit mat engem Migratiounshannergrond wier hei méi héich. Hei wiere Parteien, déi méi oppen oder als méi liberal wouergeholl ginn, éischter gewielt ginn.
CSV: Et feelt e klore Profil
An Däitschland hätt ee gemierkt, datt déi traditionell Volleksparteie wéi d'CDU an d'SPD Schwieregkeeten hate fir jonk Wieler unzezéien. D'CSV Kandidate fir d'Europawahlen zu Lëtzebuerg wiere jonk, mee et hätt ee Schwieregkeete gehat fir jonk Leit ze mobiliséieren. Dat wier och scho bei de Chamberwahlen 2018 de Fall gewiescht.
Zur Wahlcampagne bemierkt d'Anna-Lena Högenauer, datt d'CSV um Internet op hirer Websäit kee klore Wahlprogramm virgestallt huet. Dat wier e laangen Text mat ville Prioritéite gewiescht, mee wat fir d'CSV wierklech wichteg ass, wier net kloer ginn. "Was sind die fünf Kernbotschaften, die wichtigsten Themen, für die sich die Partei wirklich einsetzen möchte? Das fehlt ein bischen. [...] Zu viele Prioritäten sind auch ein Profilverlust.", sou d'Analys vun der Anna-Lena Högenauer.
LSAP hätt sech wuel e bessere Score erwaart
A wann d'LSAP bei den Europawahlen ëm 0,44 Prozentpunkten u Stëmme gewonnen huet, sou hat se manner ze verléieren am Verglach mat der CSV, déi 2014 d'Wahle kloer gewonnen hat. Si hätt deemno vill méi Potential gehat fir kënnen ofzestierzen. "Man hätte jetzt nicht gleich um 16,5 Prozentpunkte abstürzen müssen. Es war aber sehr wahrscheinlich, dass die CSV diesen dritten Sitz verliert."
D'LSAP hätt et méi liicht gehat fir dobäi ze gewannen, well hire Point de départ méi schlecht war. 2014 hätten d'Sozialisten am Verglach mat 2009 scho Stëmme verluer. Fir d'LSAP wier et dofir d'Aufgab gewiescht, fir dat schlecht Resultat ze konsolidéieren an ze verbesseren. E Plus vu knapp engem hallwe Prozentpunkt wier fir d'LSAP also "eigentlech net esou gutt", fënnt d'Anna-Lena Högenauer. "Das war ein bisschen mager und ich bin mir sicher, die LSAP hätte sich da mehr Zugewinn erhofft."
Wéi d'Parteie mat der Erneierung vun hire Kandidaten ëmginn, wier och determinant gewiescht. Bei der CSV wier et ze vill radikal gewiescht, d'DP huet eng Transitioun virbereet. D'Monica Semedo ass zwar bei de Chamberwahlen net gewielt ginn, am zweeten Ulaf hätt et awer geklappt.