Radioen

On air

E-Lodie  |  Sebby Kowal - Everything Beautiful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV verléiert Majoritéit am Biisser Gemengerot

Google Datacenter

CSV verléiert Majoritéit am Biisser Gemengerot

De Buergermeeschter vu Biissen ass aus der CSV ausgetrueden. Déi Meldung vun Tageblatt.lu confirméiert de Jos Schummer am 100,7-Interview. Hannergrond ass de méigleche Bau vun engem groussen Datacenter vu Google zu Biissen. De Jos Schummer kritiséiert, datt déi national CSV géint de Projet ass.

auto_stories

1 min

Och hätten déi Responsabel vun der CSV bis haut ni e Gespréich mat him iwwer den Dossier geféiert, esou de Jos Schummer: "Ech krut keng Ënnerstëtzung vu menger Partei, weder positiv nach negativ".

De Jos Schummer wëllt als onofhängege Buergermeeschter zu Biisse bleiwen. Déi nächst Deeg géifen et Gespréicher mat alle Säite ginn. Hie wéilt séier Kloerheet iwwer d'Kräfteverhältnisser an der Gemeng. Och d'CSV-Conseillère Cindy Barros wier aus der CSV ausgetrueden a wéilt elo als onofhängeg Conseillère am Gemengerot bleiwen. Dozou seet de Jos Schummer: "D'CSV ass an enger Minoritéit, mir sinn zu zwee onofhängeg, an "Är Leit" hunn eng nei Majoritéit vu fënnef Leit. Do muss ee matenee schwätzen a kucken, wéi ee weiderkënnt. Do wäert eng Partei wahrscheinlech de Kierzeren zéien".

Duerch de Récktrëtt vum Jos Schummer aus der CSV hunn déi Chrëschtlech-Sozial zu Biissen hir absolut Majoritéit verluer.


De kompletten Interview vum Jean-Claude Franck mam Jos Schummer:

Lauschterenplay_arrow