Radioen

On air

Moiesstudio  |  KI-generéiert Radiosemissioun op France Culture

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Monnerecher CSV stellt der DP een Ultimatum

Gemengewalen

Monnerecher CSV stellt der DP een Ultimatum

Der Christine Schweich hire Wiessel vun der LSAP bei d'DP suergt zu Monnerech fir Tensiounen: D'CSV wëll net, datt si Member vun der CSV-DP-Koalitioun ass. Déi Liberal musse sech elo positionéieren.

auto_stories

2 min

Zu Monnerech riskéiert d'CSV-DP-Koalitioun eng Woch no der Ënnerschrëft vum Koalitiounsaccord ze scheiteren.

D'CSV ass net bereet weider mat der DP zesumme schaffen, wann d'Christine Schweich d'DP-Fraktioun am Gemengerot verstäerkt. D'LSAP-Spëtzekandidatin bei de Gemengewalen a fréier Monnerecher Buergermeeschtesch hat e Méindeg iwwerraschend hire Wiessel bei d'DP annoncéiert.

D'CSV proposéiert fir an engem Avenant zum Koalitiounsaccord festzehalen, datt d'Christine Schweich als onofhängeg Gemengeréitin net Deel vun der Majoritéit ass. Wann d'DP bis den Owend net hiren Accord dozou gëtt, wëll d'CSV amplaz d'Gespréich mat der LSAP sichen, esou den CSV-Buergermeeschter Jeannot Fürpass am 100,7-Interview.

Et wier net éierlech a fair géintiwwer de Wielerinnen a Wieler, wann ee sou kuerz no de Walen d'Partei wiesselt, esou begrënnt de Jeannot Fürpass d'Positioun vun der CSV:

"Ech kann dat hei um Radio soen, mir hunn an eise Reie Leit déi soen: wa mir dat als CSV matmaachen, dann huele si hiert Mandat net un am Gemengerot. An dat si ganz staark Aussoen."

Zur Fro, ob d'Fuerderung vun der CSV juristesch d'Strooss hält, sot de Jeannot Fürpass, dat wier net de Punkt:

"Et gëtt awer hannendrun dat Moralescht. Den demokratesche Prozess an dësem Land. Et steet vill ze vill um Spill fir dat net eescht ze huelen."


Den Interview mam Jeannot Fürpassplay_arrow