arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frank Engel kandidéiert definitiv net méi fir d'Partei-Presidence

MUECHTKAMPF

|
reading time

3 min

Frank Engel kandidéiert definitiv net méi fir d'Partei-Presidence

De Frank Engel verzicht definitiv op eng nei Kandidatur als CSV-Parteipresident: dat huet hien eis de Mëtteg op Nofro hi gesot. Hie wäert säi Mandat als CSV-Parteipresident och mat direkter Wierkung roue loossen. Dëse Schrack huet de Frank Engel an der Sitzung vum Nationalcomité an der Mëttesstonn matgedeelt.

reading time

3 min

play_arrow Lauschteren

Duerno hätt hien d'Sitzung verlooss an hätt de béide Vizepresidentinnen d'Leedung vum Nationalcomité iwwerdroen, esou de Frank Engel weider. D'Elisabeth Margue an d'Stéphanie Weydert iwwerhuele bis zum Nationalkongress de 24. Abrëll och kommissaresch all d'Aufgabe vum Parteipresident, huet d'CSV-Generalsekretariat matgedeelt.

Denonciatioun vu Parteikolleegen Ufanks der Woch

Op senger Pressekonferenz de Moien hat de Frank Engel däitlech gemaach, datt hien net ausschléisst op eng nei Kandidatur als CSV-President ze verzichten. Hien huet Erklärungen zu sengem Aarbechtsvertrag mat der asbl. "CSV Frëndeskrees" ginn, deen Ufank vun dëser Woch zu enger penaler Denonciatioun vum Frank Engel duerch Parteikolleege gefouert hat.

Deputéierten hätten "ultimativ Récktrëttsfuerderungen" un hie geriicht, mat der Menace, datt si mat him als President net an der Partei géife bleiwen, esou eng Ausso vum Frank Engel.

play_arrow De Frank Engel op der Pressekonferenz

Undeitungen op der Pressekonferenz

Duerch déi aktuell Situatioun géif hie fäerten, net an der Positioun ze sinn, d'CSV ze eneen, hat de Frank Engel op senger Pressekonferenz um Belair däitlech gemaach:

"Sträit iwwer de Kongress eraus wier fir d'CSV déidlech. Ech si mer bewosst, wéi eng Responsabilitéit ech fir dës Partei hunn, als President: ech muss se schützen."

Zu deem Zäitpunkt war nach net gewosst, datt de Frank Engel säi Mandat roue léisst, an op eng nei Kandidatur als President verzicht. Ugedeit hat hien dat awer schonn:

"An ech wëll och e Liewen hunn: Anerer wollten hiert zréck. Ech wëll einfach eent hunn, wat net einfach just aus stänneger Uspanung a Konflikter bannent der CSV besteet. Ech kann aner Saachen am Liewe maachen."

Hie wier och zur Conclusioun komm, datt e Parteipresident net ganz eleng op wäiter Front kéint stoen, esou de 45 Joer ale Frank Engel op senger leschter Pressekonferenz un der Spëtzt vun der gréisster Oppositiounspartei CSV.

Parquet mécht eng Enquête préliminiaire op

No der Dénonciatioun vu Faiten a Relatioun mam Frank Engel sengem Aarbechtsvertrag mat der asbl. "CSV Frëndeskrees" mécht de Parquet eng "enquête préliminaire" op: dat gouf de Mëtteg a engem Communiqué matgedeelt.

Am Kader dovu war schonn de Moien eng Perquisitioun am Sëtz vun der asbl. an der Rue de l'eau hei an der Stad, heescht et weider.