Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground - Stephanie Says

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Parteispëtzt bleift bis nei Regierung steet

Chamberwahlen 2018

CSV: Parteispëtzt bleift bis nei Regierung steet

Bei der CSV goufen den Dënschdeg den Owend nach keng personell Entscheedungen ugekënnegt. Eréischt wann eng nei Regierung steet, solle bei der CSV definitiv Personal-Conclusioune geholl ginn, esou de Spëtzekandidat a Fraktiounschef no der Sitzung vum erweiderten Nationalrot um Belair. De Claude Wiseler huet awer och gesot, datt hien d'Responsabilitéit fir d'Wahlcampagne géif iwwerhuelen.

auto_stories

2 min

Den Nationalrot hätt no laangen Diskussiounen de Fraktiounschef, de Parteipresident an de Generalsekretär gefrot, fir op hire Posten ze bleiwen, fir d'CSV-Positiounen an den nächste Wochen ze verdeedegen, huet de Claude Wiseler virun der Press erkläert.

"Mir si bereet Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen a mir sinn och bereet op Gespréicher, déi aner Parteie mat eis wëlle féiere fir eng nächst Regierung ze bilden. Déi Bereetschaft, déi war an de leschten Deeg vun eis do. Déi Bereetschaft ass och an den nächsten Deeg selbstverständlech vun der CSV do."

De Claude Wiseler huet op Nofro hi confirméiert, datt et zanter e Sonndeg Kontakter mat DP an LSAP ginn hätten. Eng Koalitioun wier ni gemaach, bis se gemaach ass. Dowéinst kéime bei der CSV zu dësem Zäitpunkt nach keng personell Entscheedungen. "Net elo. Dat ass den ausdréckleche Wonsch vum Nationalrot, firwat en eis dräi, sou wéi mir hei stinn den Owend, plebiszitéiert huet", sou de Claude Wiseler.

Martine Hansen weider bereet Verantwortung ze iwwerhuelen

D'Martine Hansen wier weider bereet, fir an Zukunft Verantwortung ze iwwerhuelen, esou d'CSV-Nord-Deputéiert. D'Informatioun, datt si um Poste vum Fraktiounspresident interesséiert wier, hätt awer net si erausginn. "Mir hunn elo nach Koalitiounsgespréicher, déi nach net ofgeschloss sinn, et steet nach keng Regierung, a sou laang wëlle mir de Message no bausse ginn, datt mir prett si fir Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen", esou d'Martine Hansen.

Reaktioune vu Parteimemberen

Opfälleg war, datt no der Sitzung bei der CSV nëmme wéineg vun den iwwer 120 Leit eppes iwwer d'Entscheedung vum erweiderten Nationalrot wollte soen. Ausname waren den Aly Kaes, Emile Eicher an de Paul Galles.

Et wieren oppen Diskussioune gewiescht, sämtlech Positioune wieren diskutéiert ginn, sot de Paul Galles. D'Decisioun déi elo getraff gi wier, wier d'Positioun, déi ee sech erschafft hätt. Hie wier frou, datt d'CSV zu dësem Accord fonnt hätt an datt een net géif opginn, sou den Emile Eicher. D'Partei wier mat 21 Sëtz "net grad déi Allerlescht". D'CSV hätt vill besser ofgeschnidde wéi d'Sozialisten, sot den Aly Kaes. "Den Här Schneider mengt jo, e wier schrecklech gutt. E war egal wat, dat muss e soen, e war egal wat", sou den Deputéierten aus dem Bezierk Norden.