Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV net géint de Prinzip vun engem Covid-19-Gesetz

Engel vs Engel

CSV net géint de Prinzip vun engem Covid-19-Gesetz

D'Iddi vun engem Covid-19-Gesetz ass net vum Dësch. Den Text, deen um Enn op den Instanzewee geschéckt gëtt, wäert just eng aner Nues hunn, wéi den Avant-avant-Projet, deen d'Chamber dës Woch vun der Regierung presentéiert krut.

auto_stories

3 min

Den LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel, an den CSV-Parteipresident Fränk Engel

D'CSV hat jo e Freideg deklaréiert, si wier géint de Prinzip vun deem Gesetz. Domat hätt seng Partei just wëllen ausdrécken, datt si mat där proposéierter Versioun net averstanen ass, sot den CSV-President Fränk Engel an der 100,7-Emissioun "Riicht eraus".

Am Avant-avant-Projet hätt nämlech net vill méi gestane wéi am Gesetz iwwer den Etat de crise. D'Ëmstänn wieren haut awer ganz anerer wéi Enn Mäerz, esou de Fränk Engel. D'Gefor vun enger "institutioneller Anomalitéit", déi een deemools hätt kënne fäerten (och wa se ni agetratt ass) wier haut definitiv net méi ginn. Dofir sollt d'Covid-19-Gesetz sech drop limitéieren dat ze reegelen, wat um sanitäre Plang ënner wéi enge Viraussetzunge ze geschéien huet: déi legal Basis fir Maskeflicht, Social distancing, Isolatioun, Quarantän asw.

Eenzel net-sanitär Bestëmmunge sollen iwwer separat Gesetzer ofgewéckelt ginn

De President vun der LSAP-Chamberfraktioun Georges Engel huet duerchblécke gelooss, datt eenzel net-sanitär Bestëmmungen aus dem Etat de crise, déi iwwer den Etat de crise eraus solle bestoe bleiwen, iwwer separat Gesetzer wäerten ofgewéckelt ginn. Déi ganz Diskussioun ass fir hien e Beweis fir d'Bereetschaft vun der Regierung mat der Oppositioun zesummenzeschaffen.

An hirem Face-à-face hu Goerges Engel (LSAP) a Fränk Engel (CSV) Allenzwee d'Wichtegkeet vum Sozialdialog ënnerstrach. Den CSV-President kritiséiert, datt d'Dräier-Koalitioun dem gemeinsamen Austausch mat Gewerkschaften a Patronat un engem Dësch ni eng grouss Bedeitung ginn hätt. Dee Reproche léisst den LSAP-Fraktiounschef net gëllen a widderhëlt eng Fuerderung, déi hie scho viru Woche gestallt hat: Elo wier de Moment fir eng Tripartite anzeberuffen.

De Chômage partiel bleift e Schlësselelement fir d'Relance

Eens si sech déi zwee Politiker an der Reaktioun op den Echec vun de Verhandlungen am Bausecteur. Si bedaueren Allenzwee, datt et net méiglech war en Accord ze fannen, fir dëst Joer wéinst den exzeptionellen Ëmstänn de Kollektivcongé auszesetzen.

"De Chômage partiel gëtt e Schlësselelement fir d'Relance ze stimuléieren", seet de Georges Engel. Fir hie bleift d'Kuerzaarbecht also e wichtegt Instrument - och nach no der Reprise vun der Aktivitéit an eenzele Secteuren. Fir d'Staatskeess enges Daags nees opzefëllen, däerften nei Steiere keen tabu sinn, seet hien.

Aféiere vu Verméigenssteier fir d'CSV keng Prioritéit

D'Verméigenssteier, déi den LSAP-Fraktiounschef an deem Kontext an d'Spill bréngt, wier fir d'CSV dogéint keng Prioritéit, stellt de Fränk Engel kloer. Hien denkt éischter u Kapital-, CO2- oder Digitalsteieren a beklot sech am selwechten Otemzuch, datt d'Chamber nach keng detailléiert Projektioune virgeluecht krut iwwer d'Steierausfäll, déi ze erwaarde sinn. Wann een de Gemengen - sou wéi et mat enger Circulaire vum 8. Mee geschitt ass - soe kéint, datt se sech dëst Joer op 25 Prozent manner Recetten aus der Gewerbesteier astelle solle wéi virgesinn, da géifen et sécher och Previsiounen iwwer d'Entwécklung bei Kierperschaftssteieren oder TVA ginn, mengt den CSV-President.

Zu gudder Lescht reegt hie sech op iwwer deen ambitiéise Programm, fir d'ganzt Land ze testen: "Dat ass Politik-Usurpatioun duerch d'Wëssenschaft", esou de Fränk Engel. D'Operatioun hätt an der Illegalitéit ugefaangen, well et keng ëffentlech Ausschreiwung gouf a se géif, wat hir praktesch Duerchféierung ubelaangt, nach ganz vill Froen opwerfen. "Sou stellen ech mer Wëssenschaft net vir!", esou den CSV-President, fir deen de Virsaz, déi ganz Populatioun ze testen, souwisou just "nation branding" ass. Déi Ënnerstellung léist de Georges Engel (LSAP) net gëllen: wann e renomméierte (Lëtzebuerger) Wëssenschaftler wéi de Professer Michel Goedert, Molekularbiolog op der Universitéit Cambridge, doran eng nëtzlech Initiativ gesäit, kéint et jo esou falsch net sinn.