Radioen

On air

De Moien  |  Oflenkung am Auto: esou banal an dach esou geféierlech

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: "Mir wëllen eng Vollekspartei bleiwen!"

Riicht Eraus

CSV: "Mir wëllen eng Vollekspartei bleiwen!"

D'CSV stécht an enger Kris. Bei de leschten zwou Chamberwalen hunn déi Chrëschtsozial däitlech u Stëmme verluer. An no interne Streidereien, hunn an de leschte Méint och nach eng Réi Memberen d'Partei verlooss. Trotz all dëse Schwieregkeeten, well d'CSV awer weider eng Vollekspartei bleiwen.

auto_stories

2 min

Dat hunn an eiser Emissioun Riicht Eraus zwee CSV-Politiker betount, déi an Zukunft eng Roll un der Parteispëtzt wëlle spillen: Den Deputéierte Paul Galles wëllt Vizepresident ginn, an den Europadeputéierte Christophe Hansen kandidéiert fir Generalsekretär ze ginn. Si si sech eens, datt d'CSV och am Joer 2021 nach wëllt eng Vollekspartei sinn. Den Usproch, esou vill wéi méiglech Leit an der Gesellschaft un ze schwätzen, géif et nämlech net méi schwéier maachen der Partei e kloren inhaltleche Profil ze ginn, esou de Paul Galles. Am Géigendeel, dat wier e Profil: "Vollekspartei bedeit, den alen Dicton, ech weess net méi aus wéi enger Zäit dee kennt, wou dann de Banquier nieft der Botzfra sëtzt an der CSV. Mee wann ech mir dat virstellen, datt dat esou ass, da soen ech mir: Dat ass eigentlech genau dat wat ech gären hätt."

D'Iddie vun der CSV géifen am ëffentlechen Debat ënnergoen

De Paul Galles gëtt awer zou, datt d'Positioune vun der CSV hautdesdaags net méi bei jiddwerengem ukommen. D'Partei géif hir Positiounen zwar kloer definéieren, mee se géifen net bis un d'Ëffentlechkeet duerchdréngen. Datt dat esou ass, géif awer net just un der CSV selwer léien, seet den Europadeputéierte Christophe Hansen. D'Majoritéitsparteie géifen d'Proposë vun der Oppositioun nämlech dacks "einfach ofbaatschen".

D'Iddie vun der CSV géifen dofir am ëffentlechen Debat deelweis ënnergoen. An dofir wär et engersäits wichteg, datt d'CSV Brécken zu anere Parteie géif schloen, mee och datt d'Parteimembere selwer méi staark mat agebonne ginn. Dee Prozess wär am Moment am Gaang: "Et si 5 Aarbechtsgruppen, déi am Moment am Gaang sinn, wou ronn 200 Leit sech engagéieren, deelweis Parteimemberen, deelweis och net Parteimemberen aus de verschiddene Secteuren a Volleksschichten, déi concernéiert sinn."

Programm soll um Parteikongress enthüllt ginn

Wéini déi Aarbechtsgruppen hir Konklusiounen zéien ass am Moment nach net kloer. Do kéint een am Moment nach keen Datum nennen, esou de Paul Galles. Och d'Ekipp ronderëm de Claude Wiseler, déi d'Parteiféierung wëllt iwwerhuelen, wéilt awer e politesche Projet ausschaffen, den am Moment nach net fäerdeg ass: "Dat ass eng Ekippenaarbecht, a mir huelen eis elo an deenen zwou Wochen, déi mer nach Zäit hunn, dann och wierklech Zäit fir eis virtuell zesummen ze setzen, fir dat an e puer Sëtzungen ze definéieren." De 24. Abrëll soll dëse Programm dann um digitale Parteikongress presentéiert ginn - dee selwechten Dag, wéi déi nei Parteispëtzt ronderëm de Claude Wiseler soll gewielt ginn.