arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV hält net vill vu Corona-Steier

Steierpolitik

|
reading time

2 min

CSV hält net vill vu Corona-Steier

Eng Corona-Steier wier eng sympathesch Iddi, déi awer weder rechtlech nach pragmatesch ëmzesetze wier, seet de Gilles Roth. Hie géif dofir "net vill" vun där Iddi vum Dan Kersch halen, esou den CSV-Deputéierten.

reading time

2 min

D'CSV plädéiert an der Fiskalitéit dogéint fir eng Spekulatiounssteier op Immobilien: wien en Terrain oder Wunneng bannent fënnef Joer verkeeft, soll 40 Prozent vun der Plus-value dem Staat dem Staat mussen ofginn. Haut fält den Taux schonn no zwee Joer vu 40 op 20 Prozent erof.

Dat wier eng steierpolitesch Mesure, déi an engems an der Logementsproblematik hëllefen a fir méi sozial Gerechtegkeet géif suergen, esou de Gilles Roth.

Eng steierpolitesch Viraarbecht

An zwee Joer si Chamberwalen, eng grouss ugeluechte Steierreform ass an där kuerzer Zäit am Fong bal net méi ëmzesetzen - weder politesch, nach praktesch. D'Chamber ass trotzdeem am gaangen eng Orientatiounsdebatt iwwer "d'Modernisatioun an d'Erausfuerderunge vun eisem Steiersystem" virzebereeden.

Dësen Exercice wier net de l'art pour l'art, ënnersträicht de Gilles Roth. Hie geet dovunner aus, datt d'Steierdebatt, déi sozial Gerechtegkeet an déi finanzpolitesch Gestaltung Haaptsujete wäerte ginn. Tëschent de Parteie wäerten et ganz ënnerschiddlech Meenunge ginn, mengt den CSV-Deputéierten.

"Déi Aarbecht, déi mat deem Rapport hei gemaach gëtt, ass eng Viraarbecht, datt all d'Parteie sech op der Basis vun esou eng Dokument hir Iddie an hir Virschléi kënne maachen, wéi si déi steierpolitesch Gestaltung an der Zukunft gesinn. Dofir fannen ech dat hei net de l'art pour l'art"