D'Chamber hätt zwar kee Moyen fir den Etienne Schneider dozou ze forcéieren; si géif awer dovun ausgoen, datt hie fräiwëlleg kéim, esou wéi hien dat och am Dossier vum Militärsatellit LUXEOSys gemaach hätt, esou d'Diane Adehm (CSV), Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun. Si werft dem Etienne Schneider (LSAP) vir, d'Deputéiert belunn ze hunn.
Auditioun soll Opklärung liwweren
De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an den neie Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) goufe vun der Kommissioun fir eng Auditioun geruff. D'Diane Adehm erhofft sech heirauser weider Opklärung, noutfalls och vu Fonctionnairen aus béiden Haiser.
"Et ass eis Roll als Chamber fir d'Aarbecht vun der Regierung ze kontrolléieren. Dofir musse mir einfach Äntwerten op eis Froe kréien, a wann e Minister eis net kann op d'Froen äntweren, da froe mer seng Beamten."
CSV kéint Enquêtëkommissioun proposéieren
Sollten d'Froen net beäntwert ginn, géif hir Partei d'Fuerderung no enger Enquêtëkommissioun net ausschléissen. Si wier sech awer bewosst, datt d'Majoritéit kaum mat op dee Wee géif goen, esou d'Diane Adehm.
An der Diskussioun steet de Verkaf vum Industrieterrain an der Industriezon Wolser tëschent Beetebuerg an Diddeleng un de griichesche Jugurtsproduzent Fage am Joer 2017. Den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider hätt dës Vente net wéi virgeschriwwe mam Finanzministère ofgeschwat, obwuel hien dat behaapt huet.
No ville Kriticken an enger laanger Autorisatiounsprozedur hat de Jugurtsproduzent am September 2020 decidéiert, de Projet vun der Jughurtsfabrick zeréckzezéien. Fage huet den Terrain fir dee selwechte Präis un de Staat zeréckginn.