Radioen

On air

De Moien  |  Johanna Samuels - Ugly On The Inside

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Een neie Logo a Propose fir d'Steierpolitik

Parteikongress

CSV: Een neie Logo a Propose fir d'Steierpolitik

D'CSV wëllt an de nächste Wochen nei Proposen an der Steierpolitik maachen, huet et um Parteikongress geheescht. D'Partei krut och en neie Logo an domat eng nei visuell Identitéit.

auto_stories

2 min

Den CSV-Parteipresident Claude Wiseler mam neie Logo vun der Partei. Foto: CSV

Lauschteren


D'Inzeenéierung huet um CSV-Kongress eng grouss Roll gespillt. Déi iwwer 200 Parteidelegéiert, déi am Forum Geesseknäppchen zesumme komm waren, kruten direkt e puer Videoclippe gewisen, déi mat dynamescher Musek ënnerluecht waren.

Déi kuerz Filmer hunn illustréiert, wéi d'CSV sech an Zukunft no bausse wëllt presentéieren.

Een neie faarwege Logo: "villfälteg wéi d'Partei"

E wichtegt Element ass de neie Parteilogo, deen elo net méi orange a wäiss ass, mee aus véier Faarwe besteet: D'Buschtawe si blo, orang a gro an den Hannergrond ass schwaarz.

De Parteipresident Claude Wiseler seet, et wier e bewosste Choix gewiescht, den CSV-Logo méi faarweg ze maachen, et wier een nämlech der Iwwerzeegung, datt d'Vollekspartei faarweg wier an eng Faarf net géif duergoe fir d'CSV ze beschreiwen - de Logo misst esou villfälteg si wéi d'Partei, esou de Claude Wiseler.

Eegen Uspréch

D'Wuert "Vollekspartei" soll weider eng wichteg Roll an der Identitéit vun der CSV spillen, esou de Claude Wiseler. An dat géif bedeiten, datt d'Partei eppes vu sech selwer verlaangt:

"Dat ass, Politik fir déi ganz Gesellschaft ze maachen. Net just fir ee Grupp an der Gesellschaft, net just fir ee Lobby an der Gesellschaft, net just fir een Deel vun der Gesellschaft, mee fir déi ganz Gesellschaft Responsabilitéit huelen."

Aus wéi enge Mesuren déi Politik soll bestoen, ass um Kongress net am Detail ugeschwat ginn. De Fraktiounschef Gilles Roth huet awer ugedeit, datt d'CSV deemnächst an der Steierpolitik nei Proposen op den Dësch wäert leeën.

De Gilles Roth huet och ugedeit, a wéi eng Richtung et soll goen: d'Steiertabell misst un d'Inflatioun ugepasst ginn, an och méi héich Steieren fir Spëtzeverdénger dierften a Krisenzäite keen Tabu sinn.