Corona-Kris CSV: "Betriber solle gesot kréien, wéini se kënnen opmaachen"

D'CSV-Fraktiounscheffin géif et gutt fannen, wann d'Oppositioun méi an d'Decisioune vun der Regierung agebonne gëtt. Och d'Oppositioun hätt eng Verantwortung an dëser Kris, esou d'Martine Hansen.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Martine Hansen
D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen. Foto: Archiv

D'Martine Hansen ënnersträicht, datt et zwar eng sanitär Kris wier, "mee mir hu keng Kris vun der Demokratie, an d'Chamber funktionéiert". D'Oppositioun kéint zwar Froe stellen, mee am Moment wier et schwéier Input ze liwweren, d'Oppositioun géif nämlech meeschtens just kuerz virun der Pressekonferenz doriwwer informéiert ginn, wéi eng Mesuren d'Regierung wëllt huelen.

E Méindeg ginn d'Chantieren an d'Bauzenteren erëm op. Et ass en éischte virsiichtege Schrëtt Richtung Normalitéit, deen och vun der Oppositioun begréisst gëtt. D'Martine Hansen fënnt et richteg, datt d'Regierung de Confinement an e puer Etappen wëllt méi labber maachen a fir net "direkt erëm Vollgas" ze ginn.

Kloer Instruktioune fir d'Betriber

Et géife sech awer och nach Froe stellen, zum Beispill, wat mat deenen Entreprisë geschitt, déi e Méindeg nach net kënnen opmaachen. Als Beispiller nennt si de Restauratiounssecteur, mee och aner Independanten oder Coifferen.

D'CSV géif sech wënschen, datt alleguerten d'Entreprisë kloer gesot kréichen, ënner wéi enge Konditioune si hir Dieren nees kënnen opmaachen. Nëmmen esou kéint een all de Betriber eng Perspektiv bidden. D'Martine Hansen kéint sech virstellen, datt beispillsweis Coifferen erëm kéinten opmaachen, wann FFP2-Maske fir déi Betriber do sinn.

Déi selwecht Chancë fir jiddwereen

D'CSV-Fraktiounscheffin weist drop hin, datt et eng Ongerechtegkeet vis-à-vis vun de klenge Betriber géif ginn.

"D'Grande-surfacë kënnen alles verkafen, och Elektrosaachen, mee de klengen Elektriker kann näischt verkafen. Firwat net och deen opmaachen? Dee misst sech dann och un déi selwecht Sécherheetsmesuren halen, also just eng bestëmmten Zuel u Clientë pro esouvill Quadratmeter am Buttek hunn, zwee Meter Ofstand halen, Masken hunn, asw."

Sou kéint een de klenge Betriber déi selwecht Change gi wéi de Grande-surfacen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Corinne Cahen.jpg
Bis eng Impfung do ass

D'Familljeministerin Corinne Cahen geet dovun aus, datt d'Liewen, esou laang et keng Impfung oder e wierksaamt Medikament gëtt, warscheinlech "net dat selwecht" wäert sinn.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen