Radioen

On air

De Moien  |  De Läb - Happy Hippokrit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Audit iwwer d'Superdreckskëscht geet net wäit genuch

Offall

CSV: Audit iwwer d'Superdreckskëscht geet net wäit genuch

Am Dossier Superdreckskëscht verlaangt d'CSV, datt et net bei där Analys eleng bleift, déi e Freideg virgestallt ginn ass, mee datt an engem zweete Schrëtt nach aner Aspekter ënner d'Lupp geholl ginn.

auto_stories

1 min

Fir den CSV-Deputéierte Paul Galles ginn et zwee Aspekter, déi nach misste méi genee ënnersicht ginn. Zum engen d'Firmegeflecht vum Superdreckskëscht-Bedreiwer OSL (Oeko-Service Lëtzebuerg) an déi eventuell Interessekonflikter: dem Hans-Peter Walter gehéieren nieft OSL och nach eng Rei aner Firmen. Doraus missten dann déi richteg Schlëss gezu ginn, esou de Paul Galles.

En aneren Aspekt ass d'Ausschreiwung vun 2017, um Enn vun där d'Firma OSL als eenzege Kandidat den Zouschlag krut, fir d'Superdreckskëscht nach eemol 10 Joer ze exploitéieren:

"An dësem Audit kënnt eraus, datt legal, prozedural a formell d'Saachen all richteg gelaf sinn. Mee et bleift einfach de Verdacht, wat kéinten Absichten derhannert gewiescht sinn, déi verdeckt bleiwen hannert enger Formalitéit, déi an der Rei ass. Dat sinn déi Froen, déi mer gestallt hunn. An dofir hu mer déi Extensioun vun deem Audit gefrot."

Dës Extensioun vun der éischter Analys hätt een awer bis elo nach net zougesot kritt.