D'Regierung soll de Gesetzprojet fir dëse Kaf zréck zéien oder nei verhandelen, fuerdert den Oppositiounspolitiker. De Laurent Mosar ka sech och virstellen, datt d'Regierung net méi ze vill géif drop drécken, datt de Projet nach virum Enn vun dëser Legislaturperiod gestëmmt gëtt.
Et wier onverantwortlech, datt de Staat d'Hallschent vun engem "Prunkbau" fir de "verréckte Präis" vun 274 Milliounen Euro, oder 15.000 Euro pro Quadratmeter, géif kafen, betount de Laurent Mosar.
"Wëssend, datt ArcelorMittal am éischte Quartal 2023 ee Benefice vun 1,1 Milliarden Euro gemaach huet. An ech mengen et ass nu wierklech net d'Roll vum Staat an esou engem Fall de Privatsecteur - an dësem Fall d'ArcelorMittal - ze supplééieren an dat Gebai hallef ze iwwerhuelen."
De Laurent Mosar mengt, ArcelorMittal misst selwer kucken, fir mat deem Gebai eens ze ginn, an d'Hallschent un aner Privat-Investisseuren ze verkafen oder ze verlounen.
De Gesetzprojet fir de geplangte Kaf vun der Hallschent vum Gebai K22 um Kierchbierg war Mëtt Februar vun der Finanzministerin Yuriko Backes deposéiert ginn.