Déi éischt Tëscheresultater vun de Sozialwahle vum 12. Mäerz leie vir. Sechs vun néng Gruppen (d'Gruppen 1, 2, 3, 6 a 7) sinn ausgezielt, 32 vu 60 Sëtz si bis elo verginn:
- OGBL : 19 (-2)
- LCGB : 10 (+2)
- Landesverband : 2 (onverännert)
- Syprolux : 1 (onverännert)
D'Gruppe 4 (Finanzsecteur), 5 (Servicer) an 9 (Pensionéierter) sinn nach net fäerdeg ausgezielt. Bis elo läit d'Wahlbedeelegung bei ongeféier 35 Prozent. Dat ass e klenge Minus vu ronn 1,5 Prozent am Verglach mat 2013.
Déi virleefeg Sëtzverdeelung an der Chambre des Salariés (32 vu 60 Sëtz):
D'Entwécklung vun de Sëtz vun de Gewerkschaften (virleefeg Resultater, 32 vu 60 Sëtz)
Patrick Dury ass zefridden
Den LCGB-President Patrick Dury ass eegenen Aussoen no zefridden. D'Resultater an de Gruppe vum Bau a vun der Industrie wieren e Spigelbild vun den Delegatiounswahlen, wou den LCGB sech an de Betriber aus deene Secteuren och verbessert hätt. Den OGBL-President André Roeltgen wëll sech eréischt äussere wann all d'Stëmme fir d'Chambre des Salariés ausgezielt sinn. Dem Patrick Dury no kéinten déi komplett Resultater bis Enn der Woch virleien.