arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSJ: Mat der DP hu mer "gewësse Gemeinsamkeeten"

CHAMBERWALEN 2023

|
reading time

1 min

CSJ: Mat der DP hu mer "gewësse Gemeinsamkeeten"

Den CSJ-President Alex Donnersbach gesäit eng ganz Rei programmatesch Gemeinsamkeeten tëscht senger Partei an der DP. Him wier och eng Koalitioun tëscht zwou Parteien léiwer wéi eng Regierung zu dräi.

reading time

1 min

Den CSJ-President Alex Donnersbach gesäit eng ganz Rei programmatesch Gemeinsamkeeten tëscht senger Partei an der DP. Genee ewéi d'CSV géif och d'DP de Schwéierpunkt an hirem Walprogramm op d'Stéier- an d'Logementspolitik leeën.

De President vun der CSV-Jugendsektioun seet, hie wier oppe fir all Koalitioun an der d'Mammepartei hir Priotritéiten kann ëmsetzen. Hie präziséiert awer, d'CSJ hätt léiwer eng Koalitioun zu zwee, wéi eng Regierung aus dräi Parteien.

CSJ steet hanner dem Spëtzekandidat

Déi lescht Sondage-Resultater géife weisen, datt de Luc Frieden de richtegen Spëtzekandidat fir d'CSV wier: d'Partei géif zwar weiderhin u Sëtz an der Chamber verléieren, mee dat géif net forcément bedeiten, datt seng Partei och manner Stemme kritt:

"Fir eis ass d'Zil d'Walresultat vun der leschter Kéier a Pourcentagen ze halen. Dat wier mat Sécherheet fir d'CSV en Erfolleg."