Radioen

On air

Moiesstudio  |  KI-generéiert Radiosemissioun op France Culture

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Croix-Rouge: Suergen ëm déi jonk Generatiounen

Gesellschaft

Croix-Rouge: Suergen ëm déi jonk Generatiounen

Méi resilient géintiwwer Flüchtlingskrisen ginn an de Logementsproblem fir déi sozial Schwaach an de Grëff kréien. Dat sinn zwee Defien déi d'Croix-Rouge an hirem Bilan vum leschte Joer ervirhieft. D'Organisatioun mécht sech awer och Suergen ëm déi jonk Generatiounen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi vill international Konflikter, d'Pandemie an d'Ëmweltkris hätte virun allem op déi Jonk e staarken Impakt, esou de Michel Simonis, Generaldirekter vun der Croix-Rouge haut bei der Presentatioun vun hirem Joresrapport.

De Service Psy-Jeunes wier 2022 méi staark besicht ginn wéi d'Jore virdrun, erkläert Mireille Neuen, Directrice vum Service. Konkret hätt een dëst Joer ronn néng Prozent méi Beneficiairen.

Well d'Demande nach weider amgaangen ass mat Klammen, huet d'Rout Kräiz um Enn vum leschte Joer och eng zweet Antenne vum Service ageriicht, sou déi Responsabel.

Mat enger neier Struktur Schoulofbriecher ënnerstëtzen

Eng weider Erausfuerderung gesäit d'Croix-Rouge bei de jonke Schoulofbriecher, där et ëmmer nach vill géif ginn. Aktuell schafft d'Organisatioun un engem Projet deen am Weste vum Land wäert ëmgesat ginn.

An engem neie Komplex, deen zu Kolpech am Schlass gebaut gëtt wéilt ee mam SISP eng nei Strukur opmmaachen, déi jonk Schoulofbriecher begleet an hinnen hëlleft erëm Loscht ze kréie fir eppes ze léieren. Dee Projet géif an Zesummenaarbecht mat de Lycéeë funktionéieren. Et wier wichteg déi Jonk aus hirer Perspektivlosegkeet ze huelen an nei Motivatioun ze ginn, esou nach den Direkter vum roude Kräiz, Michel Simonis.