Dës Offer riicht sech an éischter Linn u Persounen, déi schonn an iergendenger Form Beneficiare vun engem vun de Servicer vun der Croix Rouge sinn, erkläert d'Nadine Conrardy, Direktesch vum Departement Aide et Santé sociales bei der Croix Rouge.
"De Problem, dee mir stänneg hunn, ass datt eis Servicer ee speziellen Encadrement maachen. Ech huelen d'Beispill vun der HIV-Berodung, wou d'Leit villäicht um Ufank Hëllef brauchen fir d'Gestioun vun hire Medikamenter, fir eens ze ginn mat där neier gesondheetlecher Situatioun. An duerno bleift u sech just nach de Wunnproblem."
De selwechte Probleem géif et bei Refugiée ginn, déi eigentlech a Strukture wunnen, déi fir eigentlech fir Leit geduecht sinn, déi nach an der Prozedur wieren. "A wa si bis de Statut hunn, da bleift u sech just nach de Wunnprobleem."
D'Zil ass eng durabel Léisung
Et géif also drëms goen, fir d'Beneficiairë laangfristeg onofhängeg vun hire Servicer ze maachen. Elo sicht d'Croix Rouge haaptsächlech Logementer, déi iwwer ee längeren Zäitraum zur Verfügung kënne gestallt ginn. Grondsätzlech wier een awer och u Logementer interesséiert, déi nëmme fir eng kuerz Zäit fräi sinn, sou d'Nadine Conrardy.
D'Croix Rouge géif nämlech weiderhin de Suivi vun de Beneficiairë maachen. Am Fall vun engem Logement, deen an der Zäit limitéiert ass, géif ee mat de concernéierte Persounen zesumme kucken, wou si duerno kënne wunne goen.
D'Iddi wier et, dës Zäit ze notzen, fir eng méi durabel Léisung ze fannen, sou nach d'Nadine Conrardy vun der Croix Rouge.