Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Corbi - Wee, Wat, Wou? Feat. Serge Tonnar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frontaliere profitéiere manner wéi erwaart

Crèchen

Frontaliere profitéiere manner wéi erwaart

Zu Arel hunn an de leschte Wochen zwou Crèchen hir Dieren zougemaach. De Grond: Fir eng Rei Frontaliere wier Lëtzebuerg fir d'Kannerbetreiung méi attraktiv, zënter de Chèque-Service-Accueil exportabel ginn ass. Am Educatiounsministère an um Terrain geet awer vun engem éischter marginale Phänomen Rieds. D'Chèque-Servicë wieren deemno bei de Frontaliere bis elo manner beléift wéi geduecht.

auto_stories

4 min

Zënter September 2016 kënnen och Frontaliere Chèque-Servicen ufroen, an domat e reduzéierten Tarif fir d'Crèche oder de Foyer vun hire Kanner bezéien. Aktuell hu ronn 38.000 Kanner, déi am Ausland wunnen an deenen hir Elteren zu Lëtzebuerg schaffen, Accès op dës Prestatioun. Mee just véier Prozent vun hinnen hunn de Chèque-Service och tatsächlech ugefrot. Bei de Residentskanner sinn et 58 Prozent. Dat wier positiv ze gesinn, well een doduerch manner Depensen hätt, wéi um Ufank geplangt, seet den Educatiounsminister Claude Meisch.

Proximitéit zu Wunnuert wichteg

Iwwer d'Grënn, firwat déi sougenannt Exportabilitéit vum Chèque-Service bis elo manner Succès huet wéi ugangs virgesinn, ginn et keng kloer Erkenntnisser. Den zoustännege Minister erkläert sech déi Tendenz domat, datt fir vill Elteren d'Proximitéit zu hirem Wunnuert immens wichteg wier. Zum Deel wier dëse Punkt méi wichteg, wéi aner Punkten, wéi zum Beispill der pedagogescher Approche an de Chèque-Service d'Accueilen.

Urecht op de Chèque-Service hu Grenzgänger awer just wann hir Kanner an eng Struktur ginn, déi een Agrément vum Lëtzebuerger Staat huet. Ob déi Crèche am Ausland oder zu Lëtzebuerg läit ass egal. Sécher ass awer, datt bis elo keng Crèche am Ausland déi néideg Ufuerderungen erfëlle konnt, fir deen Agrément ze kréien. Ënnert dës Ufuerderunge falen zum Beispill Personalschlëssel, mee och Quadratmeterzuelen a sproochlech Critèren. Véier Demanden huet den Educatiounsministère bis elo an deem Sënn kritt, si sinn alleguer ofgewise ginn. Et wier evident, datt et fir eng Crèche vun Arel oder Diddenuewen net einfach wier, well och dës Crèchë franséisch- a lëtzebuergeschsproochegt Personal missten astellen a lëtzebuergeschsproocheg Aktivitéiten an den Alldag integréiere missten.

Lëtzebuerg mécht belsche Crèchë Konkurrenz

Dräi vun de véier Demanden aus dem Ausland, fir een Agrément ze kréien, koumen aus der Belsch. Direkt hannert der Grenz, zu Arel hunn an de leschte Wochen zwou Crèchen zougemaach, well d'Zuel vun den Aschreiwunge staark erofgaange wier, heescht et beim belschen Office de la Naissance et de l'Enfance, deen zoustänneg ass fir d'Autorisatiounen an d'Qualitéitskontroll an de Strukture fir Kannerbetreiung. Wat genau d'Argumenter bei den Eltere sinn, wier awer net kloer nozevollzéien, seet de Stéphane Leyder.

All Elterendeel misst hautdesdaags seng kleng Maartanalyse maachen, fir ze kucken, wat fir hien a fir säi Kand am interessantste kéint sinn. Souwuel par rapport zu der geografescher, wéi och der finanzieller Accessibilitéit. Et wier awer kloer, datt zënter der Arrivé vun den CSA, d'Crèchen zu Lëtzebuerg finanziell vill méi attraktiv gi wieren, seet de Stéphane Leyder.

Et géif opfalen, datt zanter de Chèque-Service exportabel ass, eng ganz Rei Crèchen direkt hannert der Grenz op Lëtzebuerger Säit opgemaach hätten, seet de Stéphane Leyder. D'Suergen déi sech an der Belsch gemaach ginn, wieren entspriechend grouss.

Et géif eng grouss Onsécherheet ënner de Milieux d'acceuil ginn, virun allem ënnert deenen, déi net staatlech subventionéiert ginn. Si wieren am meeschte vum reegelrechten Exodus vun Elteren betraff, virun allem aus verschiddene Grenzregiounen.

20 Stonne gratis Betreiung e wichtege Facteur

Grad wéi am Educatiounsministère gesäit ee bei der FELSEA, dem Verband vun de private Crèchen zu Lëtzebuerg, net, datt d'Demandë vu Säite vu Frontalierseltere géife staark klammen. Konkret Zuele ginn et net - eng liicht Tendenz wier awer ze spieren, och zanter de Lëtzebuerger Staat fir 20 Stonne gratis Betreiung opkënnt.

D'Presidentin vun der FELSEA, déi selwer eng Crèche zu Esch geréiert, seet, datt d'Demande effektiv géif zouhuelen, "zemools no deenen zwanzeg Stonne gratis gëtt vill gefrot", sou d'Maria Castrovinci. Am Escher Secteur géif et awer net vill Disponibilitéite ginn, well net vill Plaze fräi wieren. Si kéint sech awer virstellen, datt d'Offer an de Grenzgebidder méi disponibel wier.

Vill Erausfuerderunge fir Lëtzebuerger Crèchen

Datt d'Ufuerderung u Crèchen ëmmer méi grouss ginn, confirméiert d'Maria Castrovinci. Si fënnt dat gutt - d'Qualitéit vun der Betreiung géif generell erop goen. Si seet awer gläichzäiteg datt och déi Lëtzebuerger Betreiungsstrukturen de Moment domat ze kämpfen hätten. Duerch d'Aféiere vun der méisproocheger Fréifërderung géif et zum Beispill ëmmer méi schwéier ginn déi richteg Leit ze rekrutéieren.

Vill Leit géifen an de staatlechen oder an de konventionéierte Secteur wiesselen, soubal sech eng Méiglechkeet géif bidden. Et kéint een och op Auxiliaires de Vien zeréckgräifen, mee där géifen net sou vill ausgebilt ginn.

Doriwwer eraus gesäit d'Presidente vum Verband vun de private Crèchen eng Schwieregkeet beim Finanzement. Fir déi 20-Gratis-Stonnen an d'Méisproochegkeet - an also zéng Prozent méi Personal - ze finanzéieren, misst de Staat "enorm" finanziell Mëttelen deblockéieren, seet d'Maria Castrovinci. Gläichzäiteg géifen déi 6,71€ pro gratis Stonn, déi virgesi sinn, net an all Crèche duergoen. Dovu misst, ënner anerem, de Supplement vun zéng Prozent fir d'Personal bezuelt ginn. "Dat heescht, mir hunn och op deem Niveau misste bäischëppen", seet d'Maria Castrovinci.

D'Konsequenz wier, sou d'Maria Catrovinci, datt d'Crèchen an der Praxis ënnerschiddlech Tariffer op deene Stonne froen, déi iwwer d'gratis Stonnen eraus ginn.