Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Autumn Sweater - Water Your Plants

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grenziwwerschreidend Mobilitéit

LCGB

Grenziwwerschreidend Mobilitéit

Knapp 180.000 Frontaliere kommen all Dag iwwert d'Grenz op Lëtzebuerg schaffen. Eleng aus der Belsch sinn et der ronn 43.000. Den LCGB hat dowéinst eng Reunioun mam Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch iwwert déi grenziwwerschreidend Mobilitéit, fir iwwer méiglech Léisungen ze diskutéieren, fir d'Verkéierssituatioun am Land z'entlaaschten. Covoiturage an Télétravail stoungen do am Mëttelpunkt.

auto_stories

3 min

An der Diskussioun stoung ënnert anerem d’Iddi vun engem “Hub” fir Frontalieren, déi Télétravail maachen. De Premier Xavier Bettel hat a senger Ried iwwert d'Lag vun der Natioun scho vun esou enger Méiglechkeet geschwat, fir op déi Manéier den Trafic, op d'mannst am Zentrum vum Land, z'erliichteren.

Télétravail, dat heescht, datt ee vun doheem aus fir säi Betrib schafft. E System, deen ëmmer méi opkënnt, well en d'Méiglechkeet bitt, fir Privat- a Beruffsliewe besser mateneen ze verbannen. Besonnesch fir Grenzgänger ass dës Optioun intressant, well si net all Dag esou wäit musse fueren. Allerdéngs spillen am Ausland aner Gesetzer wéi zu Lëtzebuerg. An déi maachen d'Ëmsetzung vum Télétravail méi schwéier.

Manner Verkéier am Zentrum vum Land

Den Ament misste Frontalieren, wann si méi wéi 25% vun hirer Aarbechtszäit doheem géinge schaffen, an hirem Land Steiere bezuelen an do bei der Sécurité sociale ugemellt sinn, sou de stellvertriedende Generalsekretär vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond, Vincent Jacquet am 100,7-Interview.

D'Schafe vun engem Hub un der Grenz, zu Stengefort oder bei Sterpenich, géing engersäits d'Méiglechkeet bidden, fir den Télétravail weider auszebauen. Anerersäits kéinten déi Leit, déi dovunner betraff sinn, op deene Plaze schaffen, ouni datt si misste bis an hire Betrib am Zentrum vum Land fueren, an ouni datt si hire steierleche Statut vum Grenzgänger géife verléieren.

Soulaang et kee steierleche Kader fir déi Fronatliere géif, déi vun doheem aus wéilte schaffen, géif hie keng aner Léisung fir dëse Problem gesinn, sou de Vincent Jacquet.

Covoiturage op der Pannespur

Donieft proposéiert hien och d'Iddi vum Covoiturage op der Pannespur. D'Iddi derhannert ass déi, datt Leit, wann si zu méi am Auto sëtzen, dierfen op der Pannespuer fueren, fir méi séier virun ze kommen. Eng Mesure, déi et beispillsweis an den USA scho laang gëtt an déi och hei ëmmer nees opbruecht gëtt. D'lescht Joer hätt schonn de belsche Minister fir d'Mobilitéit, François Bellot, de Code de la route an déi Richtung geännert.

Den Ament géif eng Etude an der Belsch gemaach ginn, fir d'Faisabilitéit vun dëser Mesure ze préiwen. Vum Minister François Bausch hätt een iwwerdeems confirméiert kritt, datt och zu Lëtzebuerg esou eng Etude am gaangen ass.

Den LCGB géif esou e System begréissen, sou de Vincent Jacquet. D'Gewerkschaft hätt mam "Rapido" schonn eemol e Projet proposéiert, fir Bussen op der Pannespur fueren ze loossen. Dee wier allerdéngs net ëmsetzbar gewiescht, well d'Bussen ze breet wieren, an och d'Brécken net dofir adaptéiert wieren. De Ministère hätt sech awer ganz positiv zum Covoiturage op der Pannespur geäussert.

E geneeën Datum hätt den LCGB net genannt kritt, mee et wier awer domat ze rechnen, datt e Rapport iwwert d’Etude zum Co-Voiturage op der Pannespuer nach an den nächste Méint kéint erauskommen.