Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck: Gréisstendeels Ëmstellung op 2G-Modell

Corona-Gesetz

CovidCheck: Gréisstendeels Ëmstellung op 2G-Modell

Am Fräizäitberäich soll op den 2G-Modell ëmgestallt ginn, esou de Xavier Bettel. Op der Aarbechtsplaz soll vu Januar un d'3G-Reegel gëllen. Véier Méint no enger Impfung mat AstraZeneca kann een eng Booster-Impfung kréien.

auto_stories

2 min

Dës nei Mesurë sollen dës Woch der Chamber nach virgeluecht ginn, sou datt se déi nächst Woch scho kéint gëllen. D'Regierung wëllt deemno net waarden, bis dat aktuellt Covid-Gesetz den 18. Dezember ausleeft. Dat neit Gesetz soll da bis Enn Februar gëlteg sinn.

Ëmstellung op 2G-Modell

An der Fräizäit wäert zu Lëtzebuerg den 2G-Modell ginn: et muss een also geimpft oder geheelt sinn. Heirënner fale Restauranten a Baren, souwuel de Banneberäich wéi och Terrassen. Och um Chrëschtmaart soll den 2G-Modell gëllen.

Op der Aarbechtsplaz wäert vu Januar un den 3G-Modell obligatoresch ginn: et muss een also geimpft, geheelt, oder getest sinn. PCR-Tester wäerten och just nach 48 Stonne gëlteg sinn, zertifiéiert Schnelltester just nach 24 Stonnen.

Fir CovidCheck-Zertifikater ze verifizéieren, soll eng Identitéitskontroll méiglech gemaach ginn - dat soll net just d'Police maache kënnen, mee beispillsweis och de Restaurateur.

Booster-Impfung fir AstraZeneca no véier Méint

Véier Méint no enger Impfung mat AstraZeneca soll een eng Booster-Impfung kréie kënnen. Invitatiounen dofir wäerten erausgoen; och wann een ouni Rendezvous kéint an en Impfzenter goen, sollt een op seng Invitatioun waarden.

Leit, déi eng Kräizimpfung vun AstraZeneca mat BioNTech/Pfizer oder Moderna kruten, mussen awer 6 Méint op hir Booster-Impfung waarden.

Alters- a Fleegeheemer: 2G+

Fir Residente vun Alters- a Fleegeheemer solle Visiteuren nieft dem CovidCheck (Modell 2G) d'Mask unhalen, a sur place muss ee Schnelltest gemaach ginn.

D'Alters- a Fleegeheemer sollen net waarden, bis dësen Text gestëmmt ass, mee dës Mesure soll sou séier wéi méiglech ëmgesat ginn. An Urgencëfäll sollen Ausname méiglech sinn.