Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Matt Dawson & The Warehouse - Coco & Fahrenheit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck soll op ëffentleche Plaze generaliséiert ginn

Corona-Mesuren

CovidCheck soll op ëffentleche Plaze generaliséiert ginn

De CovidCheck-System soll op ëffentleche Plazen, dorënner an de Caféen a Restauranten, generaliséiert ginn: Dës Meldung vun der Gratiszeitung L'Essentiel krute mir vu gutt informéierte Sourcë confirméiert. De Regierungsrot soll muer eng Decisioun huelen.

auto_stories

2 min

D'Mesure kéint no engem Vott an der Chamber mam neie Covid-Gesetz a Kraaft trieden, also viraussiichtlech den 19. Oktober. Deemno bräicht ee fir an de Fitness, de Musée oder de Restaurant een Noweis, datt een entweder geimpft, geheelt oder getest ass. Selbsttester op der Plaz wieren net méi erlaabt.

D'Obligatioun fir een 3G-Noweis wier dann am Horeca och net méi vun der Zuel vu Gäscht pro Dësch ofhängeg, wéi bis ewell. Eisen Informatiounen no soll dëse System eréischt vun 12 Joer u gëllen.

CovidCheck an de Betriber

Geplangt ass och fir de Betriber den Asaz vum CovidCheck-System gesetzlech ze erlaben. Dëst op fräiwëlleger Basis: fir Betriber, déi net op de System wëllen zeréck gräifen, géifen déi üblech sanitär Mesurë weiderhi gëllen.

D'Gewerkschafte gesinn dës Mesure ënner anerem aus Dateschutzgrënn skeptesch. Eisen Informatiounen no gëtt envisagéiert fir den Affichage vun den Informatioune beim Scanne mat der CovidCheck-Applikatioun ze änneren. Just nach den Numm an de Gebuertsdatum géifen hei ugewise ginn an net méi, ob ee getest oder geimpft ass.

UEL: Impftaux vun iwwer 85 Prozent errechen

D'UEL géif et begréissen, wann d'Regierung de Wee fräi mécht fir den Asaz vum CovidCheck an de Betriber. D'3G-Regel wier eng "raisonnabel Alternativ zum Bäibehale vun de sanitäre Reegelen", sot eis den Direkter vum Patronatsdaachverband. Fir de Jean-Paul Olinger ass d'Impfung den "eenzege Wee zeréck an d'Normalitéit".

Zil misst et si bannent den nächste Wochen een Impftaux vun iwwer 85 Prozent bei de Leit iwwer 12 Joer ze erreechen. Da kéint een d'Maskeflicht fir jiddereen ophiewen. An der Tëscht géif de CovidCheck-System et de Betriber erlaben "bei engem minimalem Agrëff d'Sécherheet an d'Gesondheet vun de Mataarbechter op der Arbechtsplaatz ze garantéieren ouni déi Geimpft weiderhin an hire Fräiheeten anzeschränken", esou de Jean-Paul Olinger. Datt den Asaz vum CovidCheck soll fräiwëlleg sinn, wier richteg, well "all Betrib anescht ass".

Den UEL-Direkter fuerdert d'Regierung dann nach op fir "d'Impfung bei d'Leit ze bréngen", zum Beispill andeems den Impfbus an déi verschidden Industrie- an Kommerzzone kéim.