Lackerungen CovidCheck: "Den ideale Wee"
Ouni Mask an ouni d'Anhale vun Distanz einfach op eng Party mat Honnerte Leit goen. Dat ass zanter gëschter nees méiglech. Den "Atelier" huet d'Akraafttriede vum neie Covid-Gesetz gëschter am Bannenhaff virum Concertssall op der Hollerecher Strooss an der Stad gefeiert. Ënner de Gäscht war och d'LSAP-Gesondheetsministerin Paulette Lenert, souwéi aner Regierungsmemberen.
Getest, geheelt oder geimpft - déi Fro huet sech an der Entrée fir jiddweree gestallt. Déi allermeescht Gäscht hate kee Covidcheck-Certificat dobäi fir ze weisen, ob se ee vun den dräi Krittären erfëllen. Amplaz konnte si ee Schnelltest maachen. Ee Gaascht huet gezielt, datt ee sech awer a Sécherheet géif fillen, an datt ee solidaresch mateneen ass. Soss wier et eng Party wéi soss ëmmer.
"Ech wëll lo net hei behaapten, et wier wéi wann näischt gewiescht wier, mee mir sinn awer immens frou an ekstatesch, datt dat hei elo nees ka lassgoen."
D'Gesondheetsministerin war ënner de méi rare Gäscht, déi scho voll geimpft sinn. Si konnt hiren Zertifikat mat QR-Code an der Entrée presentéieren. Eran dierf een, wann de Scan per Covidcheck-Applikatioun gréng uweist. Mat hirem Besuch hätt si och wëllen en Zeechen setzen, esou d'Paulette Lenert:
"Éischtens freeën ech mech fir ze kommen. Ech gleewen un eis Mesuren, datt dat wäert klappen. An dofir ass et mir och wichteg, dat selwer auszeprobéieren."
![]()
Fir méi grouss Evenementer wier et kaum méiglech jiddwerengem bei der Entrée ee Schnelltest unzebidden, seet de Michel Welter vum Atelier. Da wier een op d'Covidcheck-Applikatioun ugewisen:
"Wann ee wëllt eng gréisser Mass vu Leit, dann ass déi App perfekt. Well déi App liest de Code, vergläicht e mat enger 'Base de donnée' an a ganz kuerzer Zäit huet een e Feedback: gréng oder rout. Dat ass den ideale Wee."
Endlech nees méi Normalitéit am Concertswiesen, dat ass wat de Michel Welter sech vum Covid-Check-System erhofft.