Radioen

On air

De Moien  |  Foals - 2001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CovidCheck-Certificate mat bekannte Fake-Nimm net méi gülteg

Update vun App

CovidCheck-Certificate mat bekannte Fake-Nimm net méi gülteg

Déi nei Versioun vun der Lëtzebuerger CovidCheck-Applikatioun soll vu spéitstens muer u kënnen erof geluede ginn. An dëser Versioun wäerten déi bekannte Fäll vu falschen Nimm net méi als gülteg Certificaten ugewise ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Déi nei Versioun vun der Lëtzebuerger Covid-Check-Applikatioun soll vu spéitstens muer u kënnen erof geluede ginn. An an dëser Versioun wäerten déi bekannte, "gravant Fäll" vu falschen Nimm wéi Mickey Mouse, SpongeBob, Adolf Hitler a Joe Mama net méi als gülteg Certificaten ugewise ginn, huet et de Moien op eis Nofro hi vum Centre des technologies de l'informatioun de l'Etat geheescht.

Fake Certificate goufe wuel am Ausland erstallt

Eigentlech géif et sech bei dëse Fäll ëm valid Certificaten handelen, erkläert de Patrick Houtsch, den Direkter vum CTIE. Eng Persoun mat legitimmem Zougank zum System fir d'Erstelle vun de Covid-Certificaten, hätt dësen Zougank mëssbraucht.

Senger Kenntnis no wieren dës véier Covid-Certificate mat falschen Nimm am Ausland erstallt ginn.

Fir déi nei Versioun vun der nationaler CovidCheck-App, déi vum CTIE entwéckelt gouf, géifen dës gravant Fäll eraus geholl ginn. An enger nächster Versioun sollt dann de Standard vun der EU finaliséiert ginn.

Ee Standard op EU-Niveau gëtt momentan ausgeschafft

Op EU-Niveau géif nämlech de Moment mat Héichdrock um System geschafft ginn, fir Certificate mat falschen Donnéeën iwwerall kënnen ze invalidéieren, esou de CTIE-Direkter Patrick Houtsch. Dëse System soll senger Aschätzung no an eng bis zwou Woche funktionéieren.

De Fall hei am Land vun engem falsche QR-Code, deen an engem Impfzenter produzéiert gouf, wier him och bekannt, seet de Patrick Houtsch: wéinst der juristescher Prozedur kéint hien awer net doriwwer schwätzen. D'Santé hat dëse Fall un de Parquet viru ginn.

D'Police erënnert iwwerdeems op Nofro hin dorun, datt souwuel gefälschte Covid-Certificaten, wéi och d'Virweise vun engem richtege Certificat, deen enger anerer Persoun gehéiert, strofbar sinn. Dobäi géif et sech ëm Bedruch respektiv ëm Identitéits-Déifstall handelen.

D'Police hätt zousätzlech zum Organisateur d'Méiglechkeet eng Iwwerpréiwung vun der Identitéit vu Persounen ze maachen. Den Organisateur vun engem CovidCheck-Event dierft och vu sengem Hausrecht Gebrauch maachen an am Zweiwel d'Entrée refuséieren, wann eng Persoun hir Carte d'identité net fräiwëlleg wéilt weisen, esou d'Police.

D'Fro wéi vill Fäll vu gefälschte CovidCheck-Certificaten der Police bis elo opgefall sinn, gouf net beäntwert.