Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covidcheck-App ass disponibel

Corona-Pandemie

Covidcheck-App ass disponibel

D'Covidcheck-App vun der Regierung, mat där déi verschidden Zertifikater iwwerpréift kënne ginn, ass elo disponibel.

auto_stories

4 min

De CovidCheck, dee gratis an entweder op Pabeier oder digital disponibel ass, soll verschidden Informatioune sammelen:

  • ob ee geimpft ass
  • ob een en negatiivt Testresultat huet
  • ob een als geheelt gëtt.

D'Appe fir Android an iOS sinn zanter zwee Deeg an de jeeweilegen Appstoren disponibel. D'App ass gratis:

Covidcheck fir iOS

Covidcheck fir Android

Covidcheck am Alldag

Zu Lëtzebuerg soll de Covidcheck den Alldag vereinfachen, seet d'Paulette Lenert, wéi zum Beispill an der Horeca. Wann e Restaurateur sech fir d'Optioun Covidcheck am neie Covid-Gesetz entscheet, kann dësen Zertifikat bei der Entrée gewise ginn.

De Covidcheck soll awer och bei aneren Evenementer wéi zum Beispill Concerten oder beim Sport benotzt ginn: just Leit, déi d'Zertifikater hunn, dierfen dann eran. Am neie Covid-Gesetz ass virgesinn, datt Evenementer vu bis zu 300 Leit erlaabt sinn. Den Organisateur muss dësen Evenement der Santé mellen, mee den Evenement muss net autoriséiert ginn. Et wéilt ee sech d'Optioun ophale fir Kontrolle kënnen ze maachen, esou d'Paulette Lenert.

"Fuddele bréngt eis net weider"

Et wier "elementar", datt d'Leit sech un déi Reegelen halen, ënnersträicht d'Paulette Lenert. De Virus wier nach net aus der Welt, a jiddwereen hätt en Interêt, datt de Covidcheck klappt. Dofir mussen Organisateuren hir Evenementer der Santé mellen.

Déi verschidden Zertifikater an der Iwwersiicht

Geimpft: Et muss e mat engem vun de Vaccine geimpft sinn, déi vun der EMA autoriséiert sinn. Aktuell sinn dat zu Lëtzebuerg BioNTech/Pfizer, Moderna, AstraZeneca an Johnson&Johnson. Bei alle Vaccinen, ausser bei Johnson&Johnson, muss een déi zwou Dosissen hunn. Leit, déi an de leschte sechs Méint positiv getest gi sinn, brauche just eng Dosis.

Getest: De PCR-Test huet weiderhin eng Validitéit vun 72 Stonnen, den zertifiéierte Schnelltest wäert fir 48 Stonne gëllen. Dat wier en europäesche Kompromëss.

Geheelt: Als geheelt gëllt ee vum 11. Dag nom positiven Test un, an dat 180 Deeg - also sechs Méint.

Wou kritt een den Zertifikat hier?

Déi eenzel Zertifikater kritt ee bei der Impfung, mee si wäerten och weiderhin am MyGuichet disponibel sinn. Leit, déi scho geimpft goufen, kréie per Post en neien Zertifikat mam QR-Code heem geschéckt.

Bei de PCR-Tester an de Schnelltester wäerten et nei Prozedure ginn, déi vum 13. Juni un en place wäerte sinn. Dësen Zertifikat wäert dann och op MyGuichet ze fanne sinn.

Impfzertifikat ass net an der App dran

Bis ewell krut een am Impfzenter en Zertifikat mat engem QR-Code, mee dat wier just en nationale Code gewiescht, preziséiert de Marc Hansen. Mam neie Covidcheck wäert et en anere Code ginn, deen op europäeschem Niveau gëlteg ass.

Et wäert keng App ginn, wou den Zertifikat drop ass. Et kritt ee weiderhin en Ziedel, oder et kritt een et digital als PDF. D'App ass just en Scanner, mat deem een de QR-Code scanne kann fir d'Validitéit ze iwwerpréiwen.

De Restaurateur muss d'App benotzen, fir den Zertifikat, deen entweder um Pabeier oder um Handy vum Gaascht ass, ze scannen. "Dat ass näischt fir Tech-Freaken", esou de Marc Hansen. D'Pabeierversioun wäert weiderhi gëlteg sinn.

Zertifikater goufen ëmgeännert

Zanter de Moie ginn et an den Impfzenteren déi nei QR-Coden, déi fir den Covidcheck gebraucht ginn. De Moie goufen och am MyGuichet d'QR-Code vun de Leit ersat. Vun haut u kritt ee bei de PCR-Tester och den neie QR-Code vum Labo geschéckt.

Leit, déi bis gëschter geimpft goufen, brauchen also en neie QR-Code. Déi concernéiert Leit kréien deen Zertifikat heemgeschéckt. 160.000 Zertifikater vu Leit, déi ganz geimpft goufen, ginn aktuell gedréckt a sollte scho muer bei de Leit doheem ukomm sinn.

De Marc Hansen gëtt awer zou, datt bei ongeféier zwee Prozent e Problem mam Datentransfer kéint ginn. Déi concernéiert Leit kënnen op Guichet en neien Zertifikat ufroen. Um perséinlechen Espace vu MyGuichet sinn awer déi richteg QR-Coden disponibel.

Leit, déi als geheelt gëllen, kréien hiren Zertifikat méi spéit geschéckt, heiru gëtt aktuell nach geschafft. Sollten et Problemer ginn, kéint een ëmmer nach op en aneren Zertifikat zeréckgräifen, wéi zum Beispill zertifiéiert Schnelltester.

Kee Reespass

Op europäeschem Niveau soll dësen Zertifikat den 1. Juli en place gesat si fir de Bierger vun der EU d'Reesen ze vereinfachen. Déi eenzel Memberlänner wäerten awer nach kënne Mesurë en place setzen. Den Zertifikat wäert och an Drëttstaaten funktionéieren, zB der Schwäiz. Mat anere Länner géifen nach Verhandlungen iwwer d'EU lafen, seet d'Paulette Lenert.

Och wann de Covidcheck bei den Deplacementer hëllefe soll, wier dat kee grénge Pass fir ze reesen, mee et soll vereinfacht gi fir ze reesen. Wann een zum Beispill en negativen Test bei der Arees presentéiere muss, géif de QR-Code d'Liewe vereinfachen.