An deem klengen Haff, hannenaus riets beim Centre Médico-Social um Verluerekascht, stinn neierdéngs zwee wäiss Containeren: do ginn d'Tester gemaach. Et gëtt een duerch d'Säiten-Afaart dohinner guidéiert, fir nëmmen net duerch d'Gebai mussen ze goen.
Spezialiséiert Infirmièren
An all Container waart eng Ekipp vun zwou Infirmièren, spezialiséierte Kanner-Infirmièren - d'Ligue huet där an hirem Staff, a genee dowéinst ass se vum Ministère gefrot ginn, seet d'Monique Rodesch, déi administrativ Directrice vun der Ligue.
"Hei ass et drëm gaangen, déi Populatioun vun de Kanner vun zwee bis sechs Joer ze beprouwen. An déi meescht Infirmièrë vun eis, dat sinn Infirmières en pédiatrie. Déi hunn natierlech dat Kënnen, dat Wëssen, fir mat Kanner ze kommunizéieren an ëmzegoen. Dofir ass dat e Virdeel."
Si stellt zwou vun den Infirmièrë vir, déi den néidege Geschéck mat deene Klengen hunn: d'Cindy Dechmann an d'Blanche Soisson. Si waarden an hirem Container op eng Koppel, déi gläich mat zwee Kanner an den Test komme wäert a sinn natierlech net manner geschützt, wéi wa sI gläich Erwuessener géifen testen:
"Mir hunn eist Gezei un (Box, Blus), mat Mask natierlech. An dann di mer en zweete Mask nach dOriwwer un, en FFP2-Mask iwwer eisen normale Mask. Mir hunn ëmmer zwee Puer Händschen un, mir hunn e Schutzbrëll nach, Iwwerschong. Also mir schützen eis ganz gutt. No all Kand gëtt dat och gewiesselt, no all Test. Mir fillen eis sécher domadder."
D'Elteren hunn e wichtege Rôle
An do komme si dann, d'Liz an den Jay, mat hiren Elteren, déi allebéid positiv sinn. Den Test soll elo weisen, ob de Papp Recht huet mat sengem Verdacht, datt si de Virus aus der Schoul matbruecht hunn - deen ass am Precoce, ass enges Daags heemkomm a war erkaalt.
Mee huet den Jay just seng Elteren ugestach oder och seng Schwëster? Dat sëtzt elo e bësse verschotert bei senger Mamm um Schouss, dréit der Infirmière de Réck.
Den Test an der Nues ass méi fiabel wéi deen am Hals, well d'Viruslaascht do ëm e villfacht méi grouss soll sinn. Mee dat ass awer net den eenzege Grond, firwat e bei Kanner op déi Manéier gemaach gëtt, erzielt d'Infirmière.
"E gëtt besser vun de Kanner ugeholl, och wann déi Erwuessen der Meenung sinn, datt dat net esou agreabel ass. Mee d'Kanner maachen dat u sech ganz gutt, a mir hu bis elo och just eng positiv Resonanz vun den Elteren zréckkritt."
D'Eltere géife beim Test awer och eng grouss Roll spillen, wann d'Eltere relax wieren, da géif et kee gréissere Problem ginn.
"Mee wann ee scho mierkt, d'Eltere si ganz ugespaant, si fäerten, da geet et och dacks beim Kand net esou gutt. Well si iwwerdroen hir Angscht dann op d'Kand. An dat ass dann e bësse méi schwiereg. Dofir musse mir fir d'éischt probéieren d'Elteren versichen ze berouegen, an da geet dat meeschtens ganz gutt."
Et ass nach Sputt do
Bei (oder vun) der Ligue Médico-Sociale gi just Kanner tëschent zwee a sechs Joer getest, et brauch een dofir eng Ordonnance. Et geet also net, einfach laanscht ze goen an engem vun den dräi Zenteren, wou déi Tester proposéiert ginn - an der Stad, zu Diddeleng an zu Ettelbréck. Den Test muss verschriwwe sinn, et muss een och am Virfeld e Rendez-vous geholl hunn. Dat mécht een iwwer de Site ligue.lu an der Rubrik Tracing.
D'Leit kréien dann eng Confirmatioun iwwer Mail vum Rendez-vous, deen ee sech erausgesicht huet. A si kréien och gesot, wat si musse matbréngen: d'Ordonnance vum Dokter ass obligatoresch, am léifsten op Pabeier direkt bei Hand hunn. An natierlech d'Pabeiere vum Kand, ëm dat et geet.
Et sinn an den éischten dräi Wochen eng 45-50 Kanner all Dag getest ginn, seet d'Monique Rodesch. Et wier een nach net un de Limitten ukomm:
"Mir kënnen eis also nach weiderhi steigeren, wann dat elo d'Demande wär, mir hu jo nach aner Zenteren am Land, wou een dat och nach kéint opbauen.
D'Monique Rodesch weist dann nach hin op eng Hotline an eng Mail-Adress iwwer déi een all Fro beäntwert kritt. D'Email ass tracing@ligue.lu an den Telefon den 22 00 99 66.