Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Mesurë ginn am neie Gesetzesprojet geännert

Neit Covid-Gesetz

Covid-Mesurë ginn am neie Gesetzesprojet geännert

D'Isolatiounszäit bei enger Covid-Infektioun soll vu siwen op véier Deeg erofgesat ginn. Dat ass eng vun de geplangten Ännerunge vun den aktuelle Covid-Mesuren am neie Gesetzesprojet, deen de Conseil de Gouvernement en Donneschdeg zeréckbehalen huet. De Santésdirekter Dr. Jean-Claude Schmit erkläert, firwat déi Ännerunge geplangt sinn.

auto_stories

3 min

Den Dr. Jean-Claude Schmit ass den Direkter vun der Santé. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Niewent enger reduzéierter Isolatiounszäit, ass am neie Covid-Gesetz och virgesinn datt de systematesche Contact Tracing soll ofgeschaaft ginn. Dat géif aktuell kee Sënn méi maachen, seet de Santésdirekter Dr. Jean-Claude Schmit.

Och de sougenannte forcéierten Hebergement soll ewechfalen, dee sollt agesat gi wann eng positiv geteste Persoun sech net wéilt isoléieren. Dëst wier eng relativ contraignant an disproportionéiert Mesure.

Verschidde Mesure gi bäibehalen

E groussen Deel vun de Mesure soll awer bäibehale ginn. Dëst trëfft zum Beispill op d'Maskeflicht an de Maison de Soins zou, wou de Santésdirekter seet, datt een déi vulnerabel Leit weider misst schützen, besonnesch am Wanter wann d'Infektiounszuele géifen eropgoen.

Anescht wéi a verschiddene nordesche Länner, wéilt een aus deem Grond och den Isolement zu Lëtzebuerg net komplett ophiewen. Déi aktuell Situatioun géif et awer erlaben, d'Isolatiounzäit op e Minimum ze reduzéieren, erkläert de Santésdirekter weider:

"Mir wëssen datt mat der aktueller Omikron-Variant d'Infektiositéit haaptsächlech déi éischt Deeg besteet an dono schnell erofgeet, dat heescht véier Deeg geet do am Prinzip duer."

Just nach véier Deeg Isolement

Fir déi maximal véier Deeg an Isolatioun kréien d'Covid-Patiente weiderhin eng Ordonnance d'isolement geschéckt. Wann ee no véier Deeg keng Symptomer méi huet, kann een nees ouni sech weider mussen ze teste schaffe goen.

Ass dat net de Fall, sou soll ee Kontakt mat sengem Hausdokter ophuele fir eventuell Medikamenter ze kréien, oder de Krankeschäi verlängeren ze loossen, esou den Dr. Jean-Claude Schmit:

"Et gi jo och Leit déi dann ufänke méi eng schwéier Form vun der Krankheet ze maachen, wou dann eventuell Traitementer néideg sinn. Mir hu jo eng Rei Medikamenter elo géint de Virus, déi ee kann an deem Moment och verschreiwen."

Neit Gesetz gëllt viraussiichtlech bis Mäerz 2023

D'Mesuren déi am neie Covid-Gesetz festgehale gi sinn, sollen elo mol viraussiichtlech bis Mäerz d'nächst Joer gëllen, mat der Optioun séier kënnen Upassungen ze maache bei méi pathogene Varianten.

De Moment mécht eng nei Omikron-Ënnervariant, déi fir eng éischte Kéier an Indien opgetaucht ass a sech séier verbreet, de Gesondheets-Experte Suergen.

Et géing awer näischt drop hindeiten, datt dës Variant méi infektiéis oder aggressiv wier, mengt dozou den Dr. Jean-Claude Schmit. Iwwer déi lescht Wochen gouf et eng 20 Fäll vun der indescher Variant zu Lëtzebuerg.