"Gemëschte Covid-Situatioun" Covid-Mesurë solle verlängert ginn

D'Situatioun ronderëm de Coronavirus wier gemëscht, sou de Premier Xavier Bettel nom Regierungsrot vun dësem Freideg. D'Tendenz an de Spideeler wier positiv, mee d'Zuel vun de positiven Tester géif sech stabilisieren oder nees liicht eropgoen. Et géif een och gesinn, datt déi méi geféierlech Varianten zu Lëtzebuerg géifen zouhuelen. Dofir misst een eng preventiv Haltung behalen. Déi aktuell sanitär Mesurë sollen dofir bis de 14. Mäerz inclus verlängert ginn.

Jean-Claude Franck / Chris Zeien

Coronavirus Coronavirus
Foto: Bigstock / Sashkin

De Premier Xavier Bettel annoncéiert, datt de Mëttelstandsminister Lex Delles de Méindeg géif Detailer ginn iwwer weider Mesurë fir d'Betriber.

  • Aide relance an Aide coûts non-couverts ginn em dräi Méint verlängert
  • Maximal Plafonge gi gehuewen, a wien trotz Fermeture Iesse liwwert oder op Bestellung erméiglecht, soll net penaliséiert ginn
  • Betriber kréien ënner gewësse Konditioune bis zu 100 Prozent vun hire Perte compenséiert.

Start vun der zweeter Impfphas d'nächst Woch

Wann d'Impfstoffer sou ukomme wéi geduecht, da géif déi zweet Phas ugefanaange ginn, wärend déi éischt nach leeft, sou de Xavier Bettel.

An der zweeter Phas gi ronn 5.000 héichvulnerabel Persounen - virun allem Kriibspatienten oder Leit mat Trisomie-21 - geruff ginn. Déi éischt Rendezvousen géife schon d'nächst Woch erausgoen, sou de Premier.

Hëllef fir Portugal

Lëtzebuerg krut eng Demande vu Portugal fir Equipen ze schécke fir zwou Wochen op der Plaz ze hëllefen, esou de Premier (Portugal ass staark vun der Corona-Epidemie getraff). Dëse Weekend ginn en Dokter an en Infirmier op d'Plaz, d'Woch drop nach zwou Persounen.

Wéineg Previsibilitéieit

Et hätt een déi lescht Woche gutt Erkenntnisser iwwer de Succès vun den aktuelle Corona-Mesurë kritt, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Leider géif et den Ament wéinst de Virusvariante awer elo nees wéineg Previsibilitéit ginn. Et misst een ofwaarden, ob déi nei Mesuren an de Schoulen duerginn. Et géifen zu dësem Zäitpunkt vill Inconnue ginn. Dofir den Appell vun der Gesondheetsministerin fir den Ament ganz virsiichteg ze bleiwen.

Et ass net de Moment fir méi labber sanitär Mesuren, seet d'Paulette Lenert.

Zweet Impfdosis gëtt weider reservéiert

Lëtzebuerg géif weider déi zweet Impfdosis zeréckhalen, fir Persounen, déi déi éischt Dosis scho kritt hunn. Dat wier wichteg, fir d'Vertrauen an d'Impfstrategie oprecht ze erhalen, sou d'Paulette Lennert.

Keng nei Informatiounen iwwer d'Entwécklung vun der mentaler Gesondheet

Et wier keng Evaluatioun iwwer d'Santé mentale gemaach ginn, sou d'Gesondheetsministerin op Nofro hin. Och de Premier kann op Nofro hi keng genee Zuele liwweren, weist awer dorop hinn, datt déi mental Gesondheet an esou enger Kris net ze ënnerschätze wier an datt een déi mental Gesondheet och no der Kris misst am Bléck behalen.

Mécht Däitschland seng Grenzen zou?

De Premier hätt de Freideg Gespréicher mat däitsche Kolleege gehaat fir ze evitéieren, datt virun allem d'Saarland seng Grenzen zoumaachen. Hie géif hoffen, datt Däitschland hir Grenze weider géif oploossen, de Contraire hätt dramatesch Konsequenzen op Lëtzebuerg.

Méi zum Thema

(de g. à dr.) Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ;
Educatioun

No der Fuesvakanz sollen d'Schoulen erëm opgoen, huet de Claude Meisch annoncéiert. Beim Presenzunterrecht sollen et awer méi streng Mesurë ginn, ënner anerem wäerte Masken obligatoresch sinn.

Marcel Kramer
Educatioun

Et ginn ëmmer méi Schüler, déi sech verschléissen an déi sech net méi esou expriméieren, wéi dat virun der Kris de Fall war, seet de Marcel Kramer. De SePAS géif an der lescht méi dacks sollicitéiert ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen