Radioen

On air

De Weekend  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Impfung fir Kriibspatienten am CHEM

Impfcampagne

Covid-Impfung fir Kriibspatienten am CHEM

Zanter e Méindeg de Mëtteg ginn am Escher CHEM Kriibspatiente géint Covid-19 geimpft. De Centre Hospitalier Emile Mayrisch ass domat dat éischt Spidol am Land, dat mat der Impfung vun där Kategorie vu vulnerabele Leit ugefaangen huet. Déi dräi aner grouss Spideeler wäerten an den nächsten Deeg nozéien.

auto_stories

3 min

An den nächste véier Woche wäerten ongeféier 650 Kriibspatiente géint Covid-19 geimpft ginn. Dräimol d'Woch gëtt an der onkologescher Klinik geimpft - op Invitatioun a Rendezvous - tëschent 16 an 21 Auer. Eng Plaz, déi déi meescht Concernéiert leider gutt kennen - vun hirer Chimiotherapie.

Pro Dag wéilt een esou 60 Patienten impfen, zielt de Serge Meyer, Internist an Onkolog am CHEM. "Dat ass machbar, dee Moment, wou d'Leit komplett informéiert sinn." Déi eenzel Onkologe schreiwen d'Leit dofir op eng Lëscht an, eng vun de Sekretärinne rifft d'Patienten un an iwwerpréift d'Donnéeën nach eng Kéier. Iwwer E-Mail kréien d'Patienten eng Invitatioun, een Dag virun der Impfung kréie se e Rappell per SMS.

95 Prozent Impfbereedschaft

Ënner de Kriibspatiente gëtt et keng weider Priorisatioun: d'Leit kommen an där Reiefolleg op d'Lëscht stoen, wéi se vun hiren Dokteren ugemellt goufen. An et ginn och quasi keng Ofsoen, emol keng fënnef Prozent vu n deenen, déi a Fro kommen, wéilten de Vaccin net, schätzt den Dokter Meyer. D'Acceptanz vun der Impfung ass also ganz grouss, bei där Kategorie vu vulnerabele Leit.

"Et ass eng Erliichterung, an ech freeë mech elo richteg", seet ee Patient, Bedenken hätt hien net gehat. "Wann ee schonn ugebuede kritt, fir et ze maachen, da wier net schlecht, dat och ze acceptéieren." Et géife vill Leit ginn, déi "extrem krank" gi si wéinst Covid-19 an dofir "kann ee scho Merci soen, datt mer dat hei kënne maachen". Nieft der Erliichterung stelle sech fir d'Patienten awer nach eng Rëtsch Froen, besonnesch iwwer Impfreaktiounen.

Méiglech Impfreaktiounen

Den Dr. Serge Meyer mengt, datt een als méiglech Impfreaktioune Muskelwéi, eventuell Féiwer oder e Grippenzoustand kréie kann. "Dat sinn déi gängeg Saachen, déi ee gesinn huet bei deenen iwwer 1.000 Leit, déi mer geimpft hunn. Et ass awer elo näischt Dramatesches."

Bei Leit, déi scho Covid-19 haten, wieren dës Reaktioune méi heefeg gewiescht, esou d'Erfarung bei den Impfunge vun de knapp 1.6000 Membere vum Spidolspersonal vum CHEM, déi mam Impfstoff vu BioNTech/Pfizer geimpft goufen.

Kriibspatiente solle bis den 23. Abrëll zwee Mol geimpft sinn

Vu datt dësen Impfstoff bei -80°C déif gekillt geliwwert a stockéiert gëtt, muss e vun der Spidolsapdikt opbereet ginn, ier e verimpft ka ginn. Dat fänkt mam Entdeeën un, erkläert d'Apdiktesch Marie Minaidis: dat géif ongeféier zwou Stonnen daueren. Duerno muss en verdënnt ginn, duerno kann e fir sechs Stonne gehale ginn. D'Spidolsapdikt preparéiert den Impfstoff an d'Sprëtzen, datt se direkt benotzt kënne ginn.

Véier Wochen si geplangt fir de Kriibspatienten eng éischt Dosis ze sprëtzen. Exakt 28 Deeg no där éischter Impfung, kritt jiddwer Eenzelen da säi Rappell. Wann den Timing agehale gëtt, misst dee Volet vun der Impfcampagne also den 23. Abrëll zu Esch am CHEM kënnen ofgehaakt ginn.