Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Impfung fir Kanner: Lëtzebuerg kritt am Dezember 18.000 Dosissen geliwwert

Impfcampagne

Covid-Impfung fir Kanner: Lëtzebuerg kritt am Dezember 18.000 Dosissen geliwwert

Lëtzebuerg hätt d'Zouso vu Pfizer-Biontech fir am Laf vum Dezember 18.000 Dosisse Covid-Impfstoff fir Kanner geliwwert ze kréien, esou de Luc Feller, Haut Commissaire à la Protection Nationale.

auto_stories

2 min

D'logistesch Organisatioun wier laut dem Responsabele fir d'Impfcampagne gréisstendeels en place. D'Impfung soll à priori bei de Pediateren an den Doktere sinn. Et géif een awer "en fonction vun der Demande" net ausschléissen an all Impfzenter eng oder zwou exklusiv Reie fir Kanner opzemaachen.

Een Drëttel vun enger Erwuessenen-Dosis fir d'Kanner

Fir datt d'Impfung fir Kanner tëscht 5 an 11 Joer och hei am Land kann ugebuede ginn, muss awer fir d'éischt d'europäesch Medikamentenagence EMA gréng Luucht dofir ginn. Et gëtt domat gerechent, datt déi Decisioun nach dës Woch fält. An den USA an an Israel gëtt den Impfstoff och elo scho bei Jonken ënner 12 Joer agesat.

Kanner kréien en Drëttel vun enger Erwuessenen-Impfdosis. D'Donnéeën aus Amerika géinge weisen, datt de Vaccin bei hinnen eng ganz héich Effikassitéit hätt, erkläert d'Isabel de la Fuente, Doktesch an der Kannerklinik a Member vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses. Si kann d'Eltere berouegen, déi Ängschten hätten, hiert Kand géint Covid-19 impfen ze loossen:

"Avec les vaccins ARN quand-même on est dans des vaccins très sécuritaires. Et non, effectivement dans les presque 2.000 enfants qui se sont vaccinés, il n'y a pas eu d'effet indésirable grave."

De Covid-Infectiounstaux bei Kanner ënner 12 Joer wier den Ament extrem héich, meeschtens hätten si awer kee schwéiere Krankheetsverlaf, esou nach d'Isabel de la Fuente. Fir d'Kanner ze schütze wier deemno elo virun allem ganz wichteg, datt esou vill Erwuessener ewéi méiglech geimpft wieren, ënnersträicht d'Doktesch aus der Kannerklinik.