Radioen

On air

Notturno  |  V/Z - Habadash Feat. Cathy Lucas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Impfcertifikat: D'EU steet nach ganz um Ufank

EU-IMPFSTRATEGIE

Covid-Impfcertifikat: D'EU steet nach ganz um Ufank

An der EU gëtt un engem eenheetleche Certifikat iwwert eng Corona-Impfung geschafft. De Projet ass awer nach net wäit fortgeschratt. D'Diskussioun doriwwer, wéi eng Rechter domat verbonne wieren, huet nach net richteg ugefaangen.

auto_stories

5 min

Ronn 22 Millioune Leit an der EU krute bis elo eng Impf-Dosis gesprëtzt. Fäerdeg geimpft si bis elo ronn zwee Prozent vun de 446 Millioune Leit, déi an der EU liewen. Et ass also nach ee wäite Wee, bis datt de Gros vun den EU-Bierger geimpft wäert sinn.

An awer ass d'Diskussioun doriwwer, ob wéi eng Ännerunge geimpfte Persounen eventuell hoffe kënnen, scho voll am gaangen. Brauch een da vläicht keen Test méi, oder fält d'Quarantän ewech, wann een anzwousch wëll hireesen? Dierf een eventuell éischter wéi déi aner nees an de Restaurant oder op ee Concert?

Den Impfpass als Entrées-Billet?

Et kéint awer nach e bësse fréi sinn, fir sech grouss Hoffnungen ze maachen.

Un engem eenheetlechen Impfcertifikat gëtt effektiv an der EU geschafft. Enn Januar ware sech d'Memberlänner iwwer Richtlinnen eens ginn, esou ee Certificat soll uniform an der EU sinn an ee Minimum vun Donnéeën iwwer d'Impfung géint Covid-19 liwweren. Ganz konkret ass de Projet awer nach net. D'EU-Staats- a Regierungscheffe wäerten en Donneschdeg de Point doriwwer op enger Videokonferenz maachen. Et wier ee sech eens, datt een un engem Covidcertifikat schaffe wëll, et wieren awer nach vill Froen op, sot e Mëttwoch en EU-Diplomat. D'Decisioun doriwwer, firwat genee deen Impf-Noweis kéint gebraucht ginn, sollt dowéinst eréischt méi spéit gefouert ginn.

Memberlänner net um selwechte Punkt beim Impfen

Dee Certifikat hätt en enger éischter Phas virun allem ee medezineschen Zweck, seet d'Simona Guagliardo vum "European Policy Centre" zu Bréissel.

"Et ass ee wichtegt Dokument, mat relevanten Donnéeë wéi dem Impfdatum, doriwwer wéi een Impfstoff agesat gouf, wéi vill Dosisse gesprëtzt goufen etc. Dat sinn kruzial Informatioune fir all Impf-Programm."

De Virdeel vun engem eenheetleche Certifikat wier deen, datt all EU-Bierger en iwwerall an Europa benotze kann. Allerdéngs wier esou ee "Zertifikat" awer net mat engem "Pass" ze verwiesselen, dee fir Mobilitéits-Zwecker genotzt soll ginn. Dofir wier et ze fréi.

"Jiddwer Memberland huet seng eegen Impfcampagne, déi bestëmmte Gruppe viséiert, no engem definéierten Zäitplang. D'Memberlänner sinn also net um nämmlechte Punkt vum Oflaf vun den Impfungen."

Schweden: Impf-Zertifikat bis Enn Juni

D'Länner sinn allerdéngs och net um nämmlechten Niveau an der Diskussioun iwwert esou een Impf-Zertifikat.

Verschiddene wéi Dänemark oder Schweden zum Beispill si schonn no vir geprescht a kuerz virdrun, en anzeféieren.

Ob et sech hei em ee rengen Zertifikat oder ee Pass mat spezifesche Rechter handele soll, gëtt opgelooss

"Et ass e Beweis, datt een eng Impfung krut, vläicht och d'Méiglechkeet an d'Ausland ze reesen an d'Vakanz oder bei Frënn", huet déi lescht Woch déi schwedesch Gesondheetsministerin Lena Hallengren op enger Pressekonferenz an Aussiicht gestallt.

"Fir datt déi Certificaten international funktionéieren, musse se vun alle Länner unerkannt ginn, dowéinst schaffe mir mat der Weltgesondheetsorganisatioun an der EU zesumme fir international Standarden ze schafen a mir suergen dofir, datt mir selwer des Standarde respektéieren."

Dës digital Certificate solle bis am fréie Summer fäerdeg sinn, sou déi schwedesch Regierung.

ECDC: Keng Lockerung vu Restriktioune fir geimpfte Persounen

D'Europäesch Kommissioun schafft drun, confirméiert ee vun hire Spriecher, ouni ze präziséiere wou ee genee drun ass.

De But wier et, datt iwwerall ka kontrolléiert ginn, ob deen Impfpass echt ass oder net. Dat, sou de Stefan de Keersmaecker, géing et méiglech maachen, datt d'Länner de Pass och géigesäiteg unerkennen.

Allerdéngs wier et verfréit, och nëmmen ze envisagéieren, deen Zertifikat fir eppes anescht ewéi fir medezineschen Zwecker ze notzen.

Genee dat awer op bilateralem Niveau ze maachen, kann een de Länner net verbidden. Virun allem déi, an deenen den Tourismus eng grouss Roll spillt, drécken op de Gas. Griicheland huet Uganks Februar een Accord mat Israel iwwert ee Grénge Pass ofgeschloss, dee géif Reese méiglech maachen.

D'Europäesch Agence fir Krankheetspräventioun a Kontroll, kuerz ECDC, recommandéiert dat net. An hirem Avis vun där leschter Woch hält d'ECDC fest, datt et zu dësem Zäitpunkt keng Beweiser gëtt, datt geimpfte Persounen net selwer nach kënnen ugestach ginn an deemno och de Virus virugi kënnen. Deemno sollte si och net vu Mesurë wéi obligatoreschen Tester oder Quarantaine befreit ginn.

Sollte sech allerdéngs déi rezent Informatioune confirméieren, datt eng Impfung och verhënnert, datt een aner Leit ustieche kann, ass des Aschätzung net méi valabel. Spéitstens, da geet d'Diskussioun doriwwer, wéi eng Dieren ee méiglechen Impfpass opmaache kann, nees virun.

Lëtzebuerg wier net géint esou een eenheetlechen Impf-Zertifikat hat Enn Januar de Premier Xavier Bettel gesot. Sou laang awer net méi Leit an der EU geimpft sinn, bräicht een net iwwert Rechter ze schwätzen, déi domat verbonne sinn. En vue vum nach ëmmer niddrege Prozentsaz vun de geimpfte Persounen an der EU huet sech dorun näischt geännert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.