Radioen

On air

Al Schanken  |  Jim White - Handcuffed To A Fence In Mississippi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-19 : Eng Kris mat Risiken a Chancen

Fräie Mikro

Covid-19 : Eng Kris mat Risiken a Chancen

Mir liewen den Ament eng komesch Zäit. Engersäits gëtt alles gemaach, fir eis virum Coronavirus ze schützen, mee anerersäits bleiwen dobäi sozial a mënschlech Besoinen op der Streck, woubäi verschidde Bevëlkerungsgruppe méi betraff si wéi anerer. Austausch, Solidaritéit, Empathie, Vertrauen. Eis ganz Opmierksamkeet ass gefuerdert, nei Approchen an aner Moyene gi gebraucht fir déi gesellschaftlech Erausfuerderunge vu muer zesummen ze meeschteren, mengt d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der Auslännerorganisatioun ASTI.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Wa mer vun Affer vun den Isolatiounsmesurë schwätzen, denke mer virun allem u Kanner oder un eeler Leit an Altersheemer. Mee wéi erliewen eis Jugendlech dës Stresssituatioun? Sie stinn an engem Moment vun hirem Liewe, wou si sech vun doheem lass léise wëllen, wou d'Frëndschaft mat Alterskolleegen extrem wichteg ass, déi éischt Erfarungen an der Léift d'Gemidder beweegen a wichteg Entscheedunge fir d'Zukunft geholl musse ginn.

Schued vermeiden

Mir ginn eis vill Méi, all Zorte vun hygienesche Mesuren am Schoulmilieu ze huelen. Mee wéi ass et mat der Fräizäit vun dëse Jugendlechen? Se dierfe kee Sport an de Veräiner maachen, spillen dofir mat hire Frënn op iergendwellechen Terrainen oder treffe sech dobaussen mat villen Gläichalteregen. Anerer zécken eraus ze goen, well den Drock, sech ze schützen, ze vill grouss ass a verfalen dobäi an eng Lethargie virum Computer.

A wéi ass et mat de Jugendhaiser oder de Club des Jeunes ? Et ass elo wichteg, datt professionellt Personal aus dem Jugendberäich zur Verfügung steet, fir op d'Ängschten an d'Froe vun de Jugendlechen ze reagéieren. Mee dofir muss de vertrauensvolle Kontakt oprecht erhale bleiwen. Et gëllt, bleiwende Schued ze vermeiden andeems och d'Jugendhaiser am Respekt vun allen dréngende sanitäre Reegelen esou schnell ewéi méiglech erëm hir Dieren opmaache kënnen.

De soziale Kontakt

Mee dës Kris bitt och hier Chancen. Déi nei Informatiounstechnologien an d'sozial Medien hunn eist Liewen an de leschte Woche bestëmmt. Wann et eis scho viru Covid-19 dacks méi einfach war, mat Friemen op de soziale Netzwierker ze kommunizéiere wéi mat eisen Noperen, sou huet dës Kris dat nach verschäerft. Wéi wichteg déi géigesäiteg Ënnerstëtzung an de Kontakt zu deenen aneren ass, ass villen eréischt wärend dem Confinement bewosst ginn.

E wierklechen Hoffnungsschimmer sinn all déi Solidaritéitsaktiounen, déi riets a lénks entstane sinn. Vill Mënsche waren hëllefsbereet an disponibel, fir een deen aneren ze ënnerstëtzen. Esou wäertvoll Solidaritéitsbeweegunge musse genotzt an ausgebaut gi fir Mësstrauen ofzebauen an Brécken tëscht Mënsche ze schloen.

Den Austausch an der Noperschaft

Et schéngt mer, wéi wann elo de richtege Moment wier och zu Lëtzebuerg eng NoperschaftsApp anzeféieren, en Instrument, wat et an all eise Nopeschlänner scho gëtt a wat et erlaabt, Kontakter am direkten Ëmkrees op enger digitaler Plattform ze initiéieren, an do gemeinsam Aktivitéiten oder den Austausch vu Servicer a Saachen ze plangen.

Am Géigesaz zu Facebook fannen dës Aktivitéiten herno an der Realitéit statt, ënner Noperen aus engem Quartier, enger Strooss oder engem ganzen Duerf. Niewent dem soziale Notze vun esou enger Plattform, ka se e positiven Afloss op eng méi nohalteg Liewensaart hunn.

Benevolat valoriséieren

De Coronavirus huet eis gewisen, datt mer alleguer der selwechter Schicksalsgemeinschaft ugehéieren an datt de Benevolat en enorm wichtege Pilier vun eiser Gesellschaft ass. Fir de Mënschen d'Méiglechkeet ze bidden, sech an Zukunft méi op gesellschaftlechem Niveau anzebréngen, wier et sënnvoll a néideg, de benevollen Engagement ze valoriséieren!

Firwat net e Stonnekredit aféieren, deen ee fir seng Pensiounskarrière ugerechent oder als Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit unerkannt kritt? Sou kéinte mer eng sëllege Benevollen laangfristeg fir hire gesellschaftlechen Asaz begeeschteren a belounen an esou Zesummeliewen fërderen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.