Radioen

On air

Resonanzen  |  John Williams - The Flying Theme, aus 'E.T.' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Courage fir Verännerung"

Nationalkongress vun der Partei Fokus

"Courage fir Verännerung"

"Courage fir Verännerung"- mat dësem Slogan wëll d'Partei Fokus am Oktober an d'Chamberwalen zéien. Um Nationalkongress zu Schëtter gouf d'Campagne virgestallt.

auto_stories

2 min

Vu lenks no riets: Marc Ruppert, Frank Engel, Gary Kneip. (Foto: Sophie Schroeder)

Lauschterenplay_arrow


En aktiivt Walrecht fir Jonker vu 16 Joer un, ee passiivt Walrecht fir Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, méi Ulafstelle fir Affer vun haislecher Gewalt an ee Grondakommes vu 65 Joer un - de 40 Säite laange Programm fir d'Chamberwale vu Fokus ass gefëllt mat grousse Verännerungsproposen. Eestëmmeg gouf de Programm haut vun de ronn 50 presente Memberen ugeholl.

E grousse Punkt an hirem Walprogramm bleift eng Reform vum Staatsrot. De President Marc Ruppert huet fir eng Direktwal vum Regierungschef plädéiert.

"E gewielte Premier, dee seng Regierungsekipp opstellt a sech dann engem Vertrauensvott an der Chamber stelle muss. Enger Chamber, déi endlech méi Verantwortung kritt, wéi bis elo, an déi sech hoffentlech net mat Belanglosegkeete wéi dem "Topert" oder dem Mëttelfanger muss ofginn."

Fokus op d'Wunnengspolitik

Ee weidere grousse Punkt am Walprogramm vu Fokus ass d'Wunnengspolitik. D'Partei fuerdert en Ofschafe vum droit de l'enregistrement op private Wunnengstransaktiounen an eng grouss ugeluechte Bauoffensiv a Gemengen, déi séier wuessen.

De Spëtzekandidat a fréiere CSV-Parteipresident Frank Engel huet weider nach eemol betount, datt sech seng Partei schonn zanter engem Joer fir e sougenannte "sozialen Index" asetze géif. No där Iddi géing den Index komplett nei verdeelt ginn.

"Mir ginn ënnen dräi Prozent, a mir fueren déi dräi Prozent iwwert déi ganz Loun-Landschaft progressiv esou erof, datt wann een 250.000 Euro verdéngt, een näischt méi kritt, datt wann een um Median-Loun ass locker dat selwecht kritt wéi haut, och éischter méi, an datt da finalement, wéi mir et berechent hunn, 93 Prozent vun de Leit am Land méi géife kréie wéi zu dësem Zäitpunkt aus der selwechter Tranche, a siwe Prozent manner an hannen um Wupp eben näischt méi."

Opstellung fir d'Gemengewalen nach onkloer

Alles Iddien, mat deenen déi jonk Partei virun allem an d'Chamberwalen zéie well.

Wéi sech Fokus fir d'Gemengewalen am Juni opstellt, bleift nach onkloer. Et wier een aktuell nach amgaangen, d'Lëschten ze fëllen. Eng 20 Kandidate géingen awer bis elo scho feststoen, sot eis de Parteipresident Marc Ruppert op Nofro hin.

Zil wier et, sech an zwou Südgemengen an an der Stad Lëtzebuerg opzestellen. Wéi eng Südgemengen dat sinn, konnt oder wollt de Spriecher a Spëtzekandidat Frank Engel nach net preziséieren.