Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronavirus: Wéi kann ee sech géint eng Infektioun schützen?

Aktualitéit

Coronavirus: Wéi kann ee sech géint eng Infektioun schützen?

Deen neie Coronavirus iwwerdréit sech iwwer iwwer kleng Drëpsen an der Loft, also wann eng infizéiert Persoun néitst oder houscht. Wärend e puer Stonne bléift de Virus dann op Objeten a Surfacen an der direkter Ëmgéigend bestoen.

auto_stories

2 min

Fir sech virun enger Infektioun ze schützen, schreift de Gesondheetsministère, soll ee sech reegelméisseg wärend 20 bis 30 Sekonne mat Seef d'Hänn wäschen. Et soll een och evitéiere sech am Gesiicht ze beréieren a sech d'Hand oder Beesen ze ginn. Mat Leit, déi d'Krankheet hunn, sollt ee physesche Kontakt evitéieren an eng Distanz vun zwee Meter anhalen.

Wann een houscht oder néitst, soll een dat an den Ielebou oder an e Pabeiers-Nuesschnappech maachen, dat een dann an eng Poubelle mat Deckel gehäit. Wann ee Symptomer weist, soll ee sech baussen de Bürosstonne beim 112 oder wärend de Bürosstonne bei der Inspection sanitaire mellen.

Leit déi krank sinn an an de leschte Wochen an de Risikogebidder waren, sollen doheem bleiwen an net schaffe goen. Et sollt een dann och net bei den Dokter oder an d'Klinik goen, fir ze vermeiden aner Persounen unzestiechen.

Masken aus dem Handel bidde keen effikasse Schutz

De Gesondheetsministère erënnert drun, datt et relativ "onprobabel" ass, datt ee sech mam Coronavirus infizéiert huet, wann een an de leschten zwou Wochen net an de Risikogebidder an Asien, am Iran oder an Italie war.

D'Benotze vu Gesiichtsmasken ass ëmstridden. Dës wieren éischter sënnvoll, wann infizéiert Persoune se undoen, esou Experten. Ob Maske wierkungsvoll géint eng Infektioun schützen ass onwarscheinlech. Déi meescht Masken, déi een am fräien Handel ze kafe kritt, géife keen effikasse Schutz bidden, esou och de Santésdirekter Jean-Claude Schmit.

Haaptsymptomer

Et ginn dräi Haaptsymptomer, déi op eng méiglech Infektioun hiweise kënnen, wouvunner een der wéinstens zwee vun dräi zesumme misst hunn, esou den Direkter vun der Santé.

  • Houscht
  • Féiwer (et gëtt quasi kee Fall ouni Féiwer, esou d'Santé)
  • Otemnout

Weider Informatioune fënnt een um Internetsite vun der Santé.