Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronavirus: 1. Fall zu Lëtzebuerg confirméiert

Aktualitéit

Coronavirus: 1. Fall zu Lëtzebuerg confirméiert

E Labo vu Rotterdam huet de positiven Test op den neie Coronavirus confirméiert. Déi infizéiert Persoun hätt momentan keng Symptomer méi, bleift awer weider am CHL a Quarantän. Dat deele Vertrieder vun der Krisenzell "Pandemie", vum Haut-Commissariat à la protection nationale a vum Gesondheetsministère de Sonndeg Owend an engem Communiqué mat.

auto_stories

1 min

D'Kontakter vun der infizéierter Persoun wieren elo all retracéiert. Déi concernéiert Persoune stéingen och ënner Quarantän. Keng géif aktuell Symptomer opweisen, éischt Tester op den neie Coronavirus wieren negativ. Fir Leit, déi aus Risikoregioune kommen a Persounen, déi Kontakt mat enger infizéierter Persoun a Kontakt stoungen, fonctionéiert vun e Méindeg 14 Auer un eng Hotline ënner der Nummer 8002-8080.

De Risiko fir d'Populatioun wier geréng, d'Krisenzell schléisst awer net aus, datt an der nächster Zäit nei Fäll vun Infektioune kéinten optauchen. D'Krisenzell mécht keng Recommandatioune fir Evenementer ofzesoen, ausser déi, op där sech vill Leit aus de concernéierte Regiounen erwaart ginn. Bei Froe sollen Organisateure sech bei der Inspection sanitaire mellen.

Als Risikoregioune gëlle momentan China, Hongkong, Macao, Singapour, Japan, Südkorea, Iran an Italien.