Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronastep: Ofwaasserwäerter ginn an d'Luucht

Ofwaasseranalysen

Coronastep: Ofwaasserwäerter ginn an d'Luucht




D'Konzentratioun vum Coronavirus am Ofwaasser klëmmt weider. Dat geet aus dem neie Coronastep-Rapport vum LIST ervir. Et géif net abrupt eropgoen, wéi am Oktober d'lescht Joer, seet d'Leslie Ogorzaly, Chercheuse um LIST, mee d'Analysen an de Kläranlagen aus de leschten dräi Woche géifen d'Hausse kloer confirméieren. Méi héich ass d'Konzentratioun virun allem am Süde vum Land.


auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Christiane Kleer lauschterenplay_arrow


De Luxembourg Institute of Science and Technology schafft och weiderhin drop fir d'Variante vum Coronavirus besser am Ofwaasser ze erkennen. Dat wier héichkomplex, sou d'Leslie Ogorzaly, dofir missten nei Methoden entwéckelt ginn. Éischt Resultater aus engem Prozess vu Sequenzéierung géifen awer drop hiweisen, datt d'Varianten och am Ofwaasser present wieren.

Déi klassesch Outilen, déi de LIST zanter bal engem Joer benotzt, fir d'Ofwaasser aus de Kläranlagen op de Virus ze testen, ginn net duer fir d'Variante kloer ze erkennen, seet d'Virologin Leslie Ogorzaly. Si ass fir d'Koordinatioun vum Coronastep-Projet zoustänneg a schafft mat un der Entwécklunge vun neie Methoden, an enkem Kontakt mam LNS. Et géife staark Unzeechen dofir ginn, datt déi nei Varianten an den Ofwässer present wieren.

Schwéier fir déi verschidde Varianten am Waasser ze ënnerscheeden

Unzeeche sinn also do, mee fir Kloerheet ze schafen wiere weider Efforten néideg, sou d'Virologin. Eng Léisung ze fanne wier eng komplex Aufgab, well déi verschidde Virusvarianten an den Ofwässer gemëscht virkomme géifen.

D'Analys vum Ofwaasser gëllt als Indikateur fir d'Presenz vum Virus allgemeng an der Bevëlkerung. Déi lescht dräi Wochen ass d'Konzentratioun erëm erop gaangen, heescht et am neiste Rapport vum LIST, net abrupt, wéi am Hierscht d'lescht Joer, mee lues a lues.

Et misst ee virsiichteg mat méigleche Conclusioune sinn, seet d'Leslie Orgozaly, sécher wier awer, datt de Virus nees verstäerkt an der Populatioun géif zirkuléieren. Déi nächst Deeg a Woche géife weise wéi den Trend sech entwéckelt, kloer wier jo lo schonn datt och d'Infektiounszuelen an der leschter Zäit eropginn.