Radioen

On air

Al Schanken  |  Sue Foley - The Lucky Ones Feat. Jimmie Vaughan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronastep: Ofwaasserwäerter bestätegen zweet Well

Fuerschung

Coronastep: Ofwaasserwäerter bestätegen zweet Well

D'Konzentratioun vum neiaartege Coronavirus am Ofwaasser bleift op engem héijen Niveau. Dat geet aus den Analysen ervir, déi de Fuerschungsinstitut LIST vum Waasser an de Kläranlage mécht. D'Etüd CoronaStep erlaabt et d'Entwécklung vun der Pandemie hei am Land ze observéieren.

auto_stories

2 min

Fir déi Etüd ginn d'Wäerter an eelef Kläranlage vum Land gemooss, bal 70 Prozent vun der Populatioun sinn domat ofgedeckt. Déi aktuellsten Echantillonen, déi ausgewäert goufen, gi bis de 14. Juli. D'Réckstänn vum Virus, déi een am Ofwaasser konnt detektéieren, bleiwen um Niveau, wéi en am Abrëll gemooss gouf. Nodeems de Virus Ufank Juni guer net méi konnt detektéiert ginn, war d'Konzentratioun duerno nees geklommen. Déi zweet Well vun Infektioune mam neiaartege Coronavirus huet sech deen Ament schonn am Ofwaasser ofgezeechent, seet de Henry-Michel Cauchie vum LIST.

Dës Grafik ass aus engem Dokument, dat de Regierungsrot an d'Chamber vum Gesondheetsministère kruten, an dat eis virläit

Déi lescht Donnéeë géifen eng relativ däitlech Augmentatioun weisen. Mëtt Juli hätt een am Ofwaasser quasi dee selwechte Wäert gemooss, wéi Mëtt Abrëll.

Eng Zort Fréiwarnsystem

D'Donnéeën aus der Etüd CoronaStep sinn deemno eng Zort Fréiwarnsystem, well eng Hausse vun der Virus-Konzentratioun am Ofwaasser schonn detektéiert ka ginn, éier d'Zuel vun Nei-Infektioune sech an den Testzuelen nidderschléit. D'Ofwaasserwäerter erlaben et awer net ze gesinn, wou genee wéi vill Persoune sech ugestach hunn. An deem Sënn wier d'Analys vum LIST eng komplementar zu engem anere Fréiwarnsystem, dem Large Scale Testing.

Déi zwee Systemer zesumme géifen et der Regierung erlaben, op temporärem a geographeschem Niveau Prezisiounen ze kréien, wéi de Virus am Land zirkuléiert. Lëtzebuerg wier eent vun deenen eenzege Länner an Europa, wou dëst de Fall wier.

An Zukunft nach méi prezis Chifferen

Nei Chiffere vum Gesondheetsministère hate gewisen, datt et am Süden déi meeschten Infektioune ginn. Esou geographesch Vergläicher kéint een iwwer d'Ofwaasserwäerter awer nach net esou prezis maachen, esou den Henry-Michel Cauchie.

Et misst een an Zukunft nach méi d'Form vum Reseau selwer analyséiere fir weider Erkenntnisser maache ze kënnen. An Zukunft sollen d'Ofwaasserwäerter nach méi prezis kënnen opgeschlësselt ginn. De Pilotprojet vum LIST leeft op d'mannst nach bis Enn des Joers.