Gestioun vun der Pandemie Corona-Zuele solle "pro Gemeng publizéiert ginn"

D'Santé soll reegelméisseg matdeelen, wéi vill Infektiounen et an den eenzele Gemenge gouf, fënnt de Paul Weimerskirch. Et wier net gutt, wann iwwer Fallzuelen an de Gemenge spekuléiert gëtt, seet den CSV-Buergermeeschter vu Schëffleng.

Rick Mertens / cbi

Paul Weimerskirch
De Paul Weimerskirch ass Buergermeeschter vu Schëffleng

De Paul Weimerskirch ass verwonnert, wéi wéineg verschidden Informatiounen effektiv bei de Leit ukommen. "Op Facebook ginn et Messagen, wann ech déi liesen, kann ech nëmmen de Kapp rëselen." Et wier dohier gutt, wa reegelméisseg iwwer d'Situatioun vun den eenzele Gemengen informéiert gëtt. "Ech mengen, datt dat a bestëmmte Situatioune keen Nodeel ass", esou den CSV-Buergermeeschter.

De Paul Weimerskirch ass der Meenung, d'Leit hätte méi Versteesdemech fir verschidde Mesurë wann se "all Woch, oder all 14 Deeg" géife gesot kréien, wéi vill Fäll et an hirer Gemeng gouf.

Syvicol géint Publikatioun vu Fallzuelen

Dat gesinn awer net all d'Buergermeeschteren esou: vill Gemengen hu sech an de leschte Méint nämlech dogéint ausgeschwat, d'Fallzuele pro Gemeng ze publizéieren.

Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat ass zwar dofir, datt d'Gemengeresponsabel séier informéiert ginn, wann et vill Infektiounen an hirer Gemeng gëtt. Hien ass awer net der Meenung, datt d'Fallzuelen aus all de Gemenger solle public gemaach ginn, well d'Gemengen och ënnerschiddlech grouss sinn:

"Mir haten de Fall schonn eng Kéier, datt iergendwou an enger klenger Nopeschgemeng e puer Famillje krank waren. Dat gesäit da katastrophal aus, wann een dat publizéiert, well een do keng Masse critique huet, déi engem eng gewësse statistesch Sécherheet gëtt. An da kann dat zu falschen Decisioune féieren."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Meisch
Homeschooling

Den Educatiounsminister seet, datt de Corona-Virus sech besonnesch an de Grondschoulen am urbane Raum géif vill méi séier verbreede wéi virdrun. E Freideg hofft de Minister matdeelen ze kënnen, wéi et no der Fuesvakanz virugeet.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen