Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selbsttest gëtt obligatoresch bei Visitten a Fleegestrukturen

Coronavirus

Selbsttest gëtt obligatoresch bei Visitten a Fleegestrukturen

Well elo genuch Corona-Selbsttester do sinn, gëtt den Test fir d'Visiteure vun Alters- a Fleegeheemer wéi och vu Strukture fir Leit mat engem Handicap obligatoresch, esou d'Ministerin Corinne Cahen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / photographyos

Fir d'Visiteure vun den Alters- a Fleegeheemer gëtt et obligatoresch e Corona-Selbsttest ze maachen: dat selwecht gëllt ënner anerem fir d'Visiteure vu Strukture fir Leit mat engem Handicap.

Fir dat internt an externt Personal ginn dës Schnell-Tester staark recommandéiert, dat op Basis vun enger Ordonnance vu gëschter vum Direkter vun der Santé, déi vun dësem Donneschdeg un a fir e Mount gëllt, esou d'Prezisioune vun der Ministerin Corinne Cahen de Moien um 100,7.

Déi nei Testflicht fir d'Visiteuren hat RTL gëschter gemellt.

Tester goufe lescht Woch vun der Santé verdeelt

Dëse Schrack wier der Corinne Cahen no eng gemeinsam Entscheedung vum Familljen- an Integratiounsministère, dem Gesondheetsministère a vum Daachverband COPAS.

D'Schnelltester fir selwer ze maache wiere schonn d'lescht Woch vun der Santé un déi verschidden Haiser a Strukture verdeelt ginn.

E groussen Ënnerscheed wier, datt d'Tester elo selwer kënne gemaach ginn, dat heescht, datt déi verschidden Haiser kee Gesondheetspersonal méi dofir mussen zur Verfügung stellen, erkläert d'Ministerin.

Natierlech misst et fir d'Bewunner vun de Strukturen erëm erlaabt sinn, zwou Wochen no der zweeter Impfdosis, Leit an hirem Zëmmer ze ëmfänke respektiv d'Famill dobaussen ze besichen, seet d'Corinne Cahen. Trotzdeem géif et weiderhi wichteg bleiwen, d'Gestes barrières anzehalen:

"Mir gesi jo elo an engem vun eisen Haiser, datt d'Leit fir d'zweet geimpft sinn an awer de Virus kréien (...) De Virus bleift awer och nach ëmmer iergendwou ënnert ons, och wa mer net méi esou schwéier krank ginn. Mir kënnen en nach ëmmer weider ginn, och wa mer geimpft sinn."

Op Demande vun der COPAS géif et keng Test-Obligatioun fir d'Personal vun zum Beispill den Alters- a Fleegeheemer ginn.