Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Westerman - Think I'll Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Corona: "Nach net Zäit fir Mesuren opzelackeren"

Situatioun zu Lëtzebuerg

Corona: "Nach net Zäit fir Mesuren opzelackeren"

Et misst een den neie Bilan mat gemëschte Gefiller betruechten, esou d'Regierung. D'Zuel vun den neien Infektioune géif lues a lues méi kleng ginn, mee d'Zuel vun den Doudesaffer weider klammen.

auto_stories

3 min

Et wier net de Moment mat de Mesuren opzehalen, esou de Premier Xavier Bettel (DP) an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert (LSAP) um Freideg nom Regierungsrot. Déi richteg Erausfuerderung fir d'Spideeler kéim eréischt, well et no enger Infektioun eng Zäit dauert, bis et zu méigleche Komplikatioune kënnt.

Méi detailléierte Bilan

An Zukunft gëtt de Bilan vun der Entwécklung vu Covid19 méi detailléiert presentéiert:

  • 31 Persoune si bis elo u Covid19 gestuerwen (plus ee Patient aus dem Frankräich)
  • De Medianalter vun den Doudesaffer läit bei 86 Joer
  • 2.612 vun 21.463 Tester ware bis elo positiv
  • Den Duerschnëttsalter bei de positiv geteste Leit läit bei 46 Joer
  • 232 Persoune sinn hospitaliséiert
  • 43 Patiente sinn op der Intensivstatioun, dovun 10 Patienten, déi aus Frankräich opgeholl goufen
  • 174 Leit konnten d'Spidol nees verloossen
  • Eng 500 Leit gëllen als geheelt

Lëtzebuerg wier beim Testen op engem ganz héijen Niveau ukomm, mee wann d'Capacitéiten nach klammen, géif een och nach méi breet testen, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Et wieren dräi Flich mat Material ukomm, dorënner och 43 Beootmungsmaschinnen.

Gesondheet viru Wirtschaft

"Wie mengt, datt mer haut nees alles mussen opmaachen, dee läit falsch", seet de Premier Xavier Bettel. D'Wirtschaft kéint net virun der Gesondheet stoen. Et géif un enger Strategie fir en Oplackere vun de Krisemesuren geschafft ginn. Dat géif an Etappe geschéien. An do géif e Monitoring gemaach ginn, an et kéint sinn, datt een da misst nees e Réckzéier maachen. Et wäert net alles zäitgläich opgoen, seet de Xavier Bettel.

Lëtzebuerg hätt mëttlerweil méi Testcapacitéiten, dofir géif och zanter Ufank der Woch méi breet getest ginn, seet d'Paulette Lenert. D'Weltgesondheetsorganisatioun hätt nei Richtlinnen erausginn an et wier och eng Circulaire vun der Santé erausginn. Déi duebel Konditioun géif ewechfalen, jiddwereen, dee Symptomer huet, soll getest ginn.

Weider géif den Taux vun der Immuniséierung gekuckt gi fir erauszefannen, wéini ee rëm zur Normalitéit kéint iwwergoen. Et géif een un esou Tester schaffen, seet de Xavier Bettel. Et ginn Echantillone gemaach fir erauszefannen, wéi wäit de Virus an der Populatioun verbreet ass. An den nächste Woche géif domat ugefaange ginn. Et géif nach eng spezifesch Pressekonferenz doriwwer organiséiert ginn.

"Opfalend" vill nei Infektioune bei Leit an déi 70

Wat der Paulette Lenert no opgefall ass: Leit tëscht 70 an 79 wieren an der leschter Woch vill nei infizéiert ginn. Dofir e "waarmen Appell" un déi Leit: "Passt op Iech op". Vläicht géif et do nach kleng Problematik mam Respekt vun de Recommandatioune ginn. Mat der Famill an de Supermarché akafen ze goen, oder all Dag an de Supermarché ze goen, wier keen Ausfluch, seet de Premier Xavier Bettel.

"D'Gefill, datt engem mat enger Mask näischt geschitt, ass falsch", seet de Premier. Se géifen hëllefen, mee et wier e Cumul vu Mesuren, déi ee géife schützen. Et wier verfréit iwwer eng Obligatioun fir d'Droe vu Masken ze schwätzen.

"Ass et néideg?"

Gëscht wieren 180 Kontrolle vun der Police gemaach ginn, 60 Leit wiere verbaliséiert ginn, esou de Premier Xavier Bettel. Déi gréissten Unzuel wier drop zeréckzeféieren, datt Leit sech onerlaabt am Grupp getraff hätten. An der Fro, ob een dierf mam Auto an de Bësch fueren, gëtt de Premier keng kloer Äntwert. Hie seet, d'Leit sollte sech selwer d'Fro stellen, bei allem wat se maachen: "Ass et néideg?"

De Congé pour soutien familial gouf erweidert fir Familljen mat Kanner mat enger Behënnerung iwwer 13 Joer. Och Famillje mat Familljememberen, déi betreit musse ginn, kéinten dovunner profitéieren.