Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Biréli Lagrène and Sylvain Luc - All the Things You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Corona-Impfflicht als de "sécherste Wee" aus der Pandemie?

Kaarten op den Dësch

D'Corona-Impfflicht als de "sécherste Wee" aus der Pandemie?

An engem Ronndëschgespréich um 100,7 goufen ethesch, juristesch a wëssenschaftlech Enjeue vun enger obligatorescher Vaccinatioun diskutéiert, nodeems en Expertegrupp virun zwee Deeg eng limitéiert Impfflicht fir Leit iwwer 50 a fir de Fleege- a Gesondheetssecteur recommandéiert huet.

auto_stories

4 min

Den Dokter Gérard Schockmel versprécht sech duerch eng Corona-Impfflicht e Retour an d'Normalitéit. Eng Impfpflicht hätt ganz kloer d'Zil, nom Schutz vun de vulnerabele Leit déi aktuell aschneidend Mesurë wéi Testen, 2G an 3G nees kënnen zréckzefueren, esou de Membere vum Expertegrupp iwwer d'Corona-Impfflicht an eiser Emissioun Kaarten op den Dësch.

Den Dr. Gérard Schockmel

De Grupp vu Medezinner a Fuerscher hat um Freideg fir eng zwee Joer laang Impfflicht fir Leit iwwer 50 Joer plädéiert, a fir eng zousätzlech Impfflicht fir de Gesondheets- a Fleegesecteur. Wann déi vulnerabel Leit duerch d'Impfung eng Immunitéit kritt hätten, kéint de Coronavirus eng normal Krankheet mat Erkältungsymptomer ginn, esou den Dokter Schockmel.

Et dierft keng Zäit méi verluer goen. Et wier nach ni eng Pandemie zu Lëtzebuerg ginn, déi d'ëffentlecht Liewen esou laang lahm geluecht huet. Den eenzege séchere Wee wier et, fir d'Immunitéit duerch d'Impfung opzebauen.

Impfflicht dat lescht Mëttel an der Pandemiebekämpfung?

D'Julie-Suzanne Bausch, Presidentin vun der Eethikkommissioun, kann déi medezinesch Argumentatioun eegenen Aussoen no novollzéien, sot awer, ethesch gesi wier eng Alterslimitt net zoulässeg. De Gérard Schockmel huet gemengt, et wier eethesch och net ze vertrieden, Jonker zu enger Impfung ze zwéngen, obwuel et do en anert Verhältnis tëscht Notzen a Risiko géif ginn. D'Eethikkommissioun plädéiert an engem Avis éischter fir eng allgemeng Impfflicht, sou laang se juristesch, ethesch an demokratesch kloer encadréiert an argumentéiert ass.

D'Julie-Suzanne Bausch an de Jean-Jacques Schonckert

De Jurist Jean-Jacques Schonckert, och Member vun der Eethikkommissioun, plädéiert fir d'Impfung, mee ass skeptesch beim Aféiere vun enger Impfflicht. Dat dierft an der Pandemiebekämpfung just dat lescht Mëttel sinn, zu deem ee gräift. Virdru misst sécher gestallt sinn, datt all aner Moyenen ausgeschöpft wieren.

De Psycholog Gilbert Pregno ass der Meenung, datt eng kloer gereegelt Impfflicht kann hëllefen, d'Situatioun zu Lëtzebuerg ze verbesseren: "Mir si lo zwee Joer am Gaangen. De Schued ass enorm. Et musse séier Moossname geholl gi fir datt et op en Enn geet", esou de President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. Um Méindeg Owend kënnt d'Gremium zesumme fir iwwer d'Impfflicht ze beroden. Dem Gilbert Pregno no, hätten d'Membere vun der Kommissioun bis elo bei enger allgemenger Impfflicht éischter skeptesch reagéiert, mat enger Präferenz fir eng sektoriell Impfflicht.

Diskussiounspunkt Sanktiounskatalog

Am Ronndëschgespréich waren déi véier Invitéeë sech eens, datt wann eng Impfflicht kënnt, een net ze vill Zäit mat engem spezielle Sanktiounskatalog sollt verléieren. D'Julie-Suzanne Bausch an de Jean-Jacques Schonckert soen, si wiere keng Frënn vu Sanktiounen. Wann, dann administrativ Sanktioune wéi et se haut scho gëtt.

Den Dokter Gérard Schockmel huet och géint spezifesch Sanktioune plädéiert. D'Sanktioune bei Verstéiss géint de Code de la route wieren och net sozial gestaffelt: "Jo, mir missten de ganze System iwwerdenken, mee et muss awer och machbar bleiwen", esou de Gérard Schockmel, dee fäert, datt an der Pandemiebekämpfung ze vill Zäit verluer geet, wann ze vill laang iwwer e spezielle Sanktiounskatalog géif diskutéiert ginn.

De Gilbert Pregno

Vun alle Säite war et och de Constat, datt déi lescht zwee Joer net alles optimal gelaf wier. De Jean-Jacques Schonckert huet gemengt, an der Kommunikatioun wiere Feeler gemaach ginn. An et wier ze vill an der Urgence gehandelt ginn, esou de Gilbert Pregno. Positiv hu si dofir fonnt, datt d'Debatt iwwer d'Impfflicht besser géif gefouert ginn: "Ech si frou, datt den Dialog elo mol nees schéngt hiergestallt ze sinn", esou de Jurist Schonckert.

D'Chamber wäert de Mëttwoch, den 19. Januar an enger Consultatiounsdebatt iwwer d'Impfflicht diskutéieren. D'Regierung wëll sech dono positionéieren.`