Invitée vum Dag Corinna Niemeyer: Chefdirigentin vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Op eisem Themendag "Klassesch Musek" kënnt och den Invité vum Dag haut aus dem Beräich vun der Klassik: D'Corinna Niemeyer, zanter September 2020 Chefdirigentin vum OCL, dem Orchestre de Chambre du Luxembourg.

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet zënter September 2020 eng Chefdirigentin: d'Corinna Niemeyer. Si war am Kader vum Themendag "klassesch Musek" hei op der Antenn eis Invitée vum Dag.
Ënnert hirem Impuls huet den OCL méi Visibilitéit kritt wéi e bis elo jee a senger bal 50-järeger Geschicht hat. Dat huet domat ze dinn, datt d'Corinna Niemeyer gär aussergewéinlech Projete mécht.
De ganzen Interview fannt Dir hei am Audio- oder Videofromat.