Am Fleegesecteur ginn den Ament méi Leit an d'Pensioun wéi Nowuess nokënnt. Dofir misst een och bei de Jonken direkt mat der Sensibiliséierung fir de Beruff ufänken, erkläert de Marc Fischbach. An der Formatioun fuerdert d'COPAS, datt en Diplom "Technicien en Soin" geschaf gëtt.
"Well et eng nei Formatioun ass, déi eigentlech de Gap, deen et zur Zäit gëtt tëschent den Attributioune vun engem Infirmier oder enger Infirmière an den Attributioune vum aide soignant fëlle kéint."
Mat sou enger Tëschekarriär, kéint et dann och méi einfach ginn, vum Beruff Aide Soignant an den Infirmiersberuff eropzeklammen, mengt de Marc Fischbach.
Zwee verschidde Kollektivverträg am Santéssecteur
D'COPAS bemängelt och, datt et fir de Santéssecteur zwee verschidde Kollektivverträg ginn. De Vertrag fir de Fleeg a Gesondheetssecteur an dee vun der FHL fir Personal an de Spideeler. Allebéid decken se déi selwecht Beruffer of. Jee no deem ënnert wéi engem Vertrag eng Persoun agestallt ass, géing se awer bis zu 17 Prozent méi oder manner verdéngen.
"Féiert fir ons kee Wee e laanscht d'Konvergenz vun deenen zwee Kollektivverträg hin zu engem eenheetlechen, zu engem eenzege Kollektivvertrag fir de gesamte Gesondheets a Fleegesecteur, ech mengen, dass dat déi eenzeg Optioun ass"
Doduerch sollt d'Iddi vun engem gläiche Loun bei gläicher Aarbecht garantéiert ginn an der deloyaler Konkurrenz beim Rekrutement en Enn gesat ginn, ënnersträicht de COPAS-President Marc Fischbach.
Iwwerdeems kritiséiert d'COPAS de Gesetzesprojet zu der Qualitéit vun den Déngschtleeschtunge fir Eeler Leit. Den Daachverband fäert datt de Projet net prezis genuch ass an dono net eng objektiv Qualitéitskontroll offréiert, mee éischter zum engem Vergläiche vu verschiddene Servicer féiert.