Impfstrategie COPAS: Am betreite Wunnen hätt misste prioritär geimpft ginn

D'Awunner an d'Personal an de Strukture fir betreit Wunnen hätte misste prioritär geimpft ginn, fënnt d'Copas. Donieft ass et fir den Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer problematesch, datt d'Autoritéite fir déi sougenannt "Logements encadrés" keng separat Covid-Statistiken hunn.

Maxi Pesch / tt

Mobil Impfung an enger Fleegestruktur
Mobil Ekipp am Asaz an enger Fleegestruktur am Januar 2021.

Lauschtert dee ganze Bäitrag


Virun engem Joer schonn hätt d'Copas proposéiert, datt och d'Covid-19-Donnéeën aus dësen 12 Strukture fir betreit Wunne sollte separat recenséiert ginn. D'Regierung hätt sech allerdéngs dogéint decidéiert.

Zuele falen ënner ee gréissere Reseau

Elo géifen déi positiv Fäll an den encadréierte Logementer an déi allgemeng Zuele vun de Réseaux d'aides et de soins fléissen. Dat géif dozou féieren datt déi Fäll net méi eenzel identifizéiert kënne gi bedauert d'Copas-Generalsekretärin Netty Klein. De Problem: Doduerch géifen eenzel Clusteren an deenen Institutiounen net méi opfalen.

De Gesondheetsministère stuuft d'Leit, déi an dëse Strukture liewen d'selwecht a wéi al Leit, déi doheem wunnen. Datt verschidde Strukture verschidde funktionéiere gëtt net consideréiert. Deemno goufen d'Awunner net zesumme fir eng Impfung invitéiert, mee se krute jee no Alter eng individuell Invitatioun, wéi wa se net an enger gemeinsamer Struktur wunne géifen.

Mobil Ekippe sur place

D'Netty Klein erkläert, datt Leit a logements encadrés wunnen, déi manner wéi zwielef an eng hallef Stonn assurance dépendance op hirem Plan de prise en charge hunn. Dat wieren d'office Leit, déi méi mobil wiere wéi Leit a Fleegeheemer. Trotzdeem hätt ee sech fir mobil Impfekippen op der Plaz agesat.

D'Awunner sinn nämlech net all mobil: Iergendwann bräicht eng Persoun awer méi wéi 12 Stonne Fleeg, esou d'Netty Klein. An déi Persoune géifen nach weider do wunne bis eng aner Léisung fonnt wier. Problematesch fënnt d'Copas och, datt d'Personal - och sous-traitanten, Benevollen a Stagiairen - aus den encadréierte Logementer net prioritär geimpft goufen.

Anescht wéi de Premier et rezent virun der Press sot, wier de Familljeministère dann och Responsabel fir d'"Logements encadrés", esou d'Netty Klein. Deemno missten déi zwielef Ariichtunge fir betreit Wunnen en Agrément beim Familljeministère ufroen a verschidde Konditiounen erfëlle fir dësen ze kréien, wéi d'Wort dat och gemellt hat. D'Strukture géifen och vum Familljeministère kontrolléiert ginn.

Méi zum Thema

Marc Fischbach
Impfcampagne

51 Prozent vum Personal vun Alters- a Fleegeheemer huet sech impfe gelooss, seet de Marc Fischbach. Och dat administratiivt Personal ass hei agerechent - wéi vill Fleegepersonal sech impfe gelooss huet, ass net gewosst.

Alters- a Fleegeheem Exklusiv
CORONA-PANDEMIE

Am Vitalhome zu Keel sinn 8 vun 39 Residenten zanter dem Ufank vum Mount un oder mat Covid-19 gestuerwen. Dat deelt d'Croix Rouge op eis Nofro hi mat. Insgesamt 25 Residenten an 13 Mataarbechter wiere positiv op de Coronavirus getest ginn.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen