Radioen

On air

Moiesstudio  |  Editioun 07:00

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ COP27: Andrew Ferrone hätt sech besser Resultater gewënscht

Weltklimakonferenz

COP27: Andrew Ferrone hätt sech besser Resultater gewënscht

Wéinst der urgenter Situatioun wier et besser gewiescht, wa bei der COP27 méi staark Resultater erauskomm wieren. Där Meenung ass de Lëtzebuerger Klimafuerscher Andrew Ferrone.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Aus wëssenschaftlecher Siicht wieren eng Rei wichteg Punkten am Ofschlossrapport festgehale ginn, bei aneren Theeme wier een awer net richteg wieder komm, seet den Andrew Ferrone am 100,7-Interview.

Wat gouf festgehalen?

An dat betrëfft notamment d'Erofsetze vun den Zäregasen. Do wier kee Fortschrëtt par Rapport zur leschter Klimakonferenz zu Glasgow gemaach ginn, seet de Klimafuerscher:

"Dat ass natierlech bedauerlech. Et ass awer och gutt ze wëssen, datt et elo net zeréckgaangen ass par Rapport zu Glasgow, well mir wëssen natierlech, datt mir lo an enger ganz anerer Situatioun si wéi nach zu Glasgow wat d'Energiesituatioun weltwäit ugeet, an och aner geopolitesch Situatiounen, déi evoluéiert sinn."

Op der Weltklimakonferenz an Ägypte gouf awer festgehalen, datt virun 2025 d'Zäregasen hire Maximum erreeche sollen. Bis 2030 mussen dann ëm ronn d'Hallschent erofgoen.

Bis 2050 sollen d'CO2-Emissiounen dann de sougenannten "Netto Null" erreechen. Op dësem Punkt wier d'EU ee vun de méi ambitionéierte Partner um Dësch gewiescht, seet den Andrew Ferrone.

Weider gouf festgehalen, datt méi Observatioune gemaach solle ginn, fir de Klimawandel besser ze suivéieren. Dozou gehéiert och, besser Warnsystemer fir méi aarm Länner ze entwéckelen.

Ausstig aus fossiller Energie: ee gemeinsaamt Zil?

De Lëtzebuerger Klimafuerscher betount, datt et ënner de Wëssenschaftler ee Konsens gëtt an datt ee sech eens ass, wat gemaach muss gi fir dem Klimawandel entgéint ze wierken.

An awer huet net all Fuerderung et an d'Ofschlosserklärung gepackt, seet den Andrew Ferrone. Zwee Haaptpunkte feelen dem Klimafuerscher: éischtens géif net drastoen, datt d'Emissioune bis allerspéitstens bis 2025 hire Maximum erreechen. Zweetens géif ee phase-out vun de fossillen Energien net an der Ofschlosserklärung drastoen.

"Dat hu mir leider net erreecht. Dat hätt natierlech och ee ganz staarkt Signal gesent fir d'Reduktioun vun den Emissiounen ze erreechen - déi mir erreeche mussen!"

An der Ofschlosserklärung steet allerdéngs dran, datt een an Zukunft op erneierbar Energië misst ëmklammen. Fir den Andrew Ferrone ass dat eng indirekt Indikatioun dofir, datt den Ausstig aus der fossiller Energie awer ee gemeinsaamt Zil wier.