Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Downtown Train

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP26: ÉischtenDag op der Weltklimakonferenz

Glasgow

COP26: ÉischtenDag op der Weltklimakonferenz

An zwielef Deeg eréischt wësse mir op dës Klimakonferenz als Succès an d'Geschicht agoe kann, esou wéi dat zu Paräis 2015 de Fall war. Do hunn 196 Länner et gepackt op e gréngen Zweig ze kommen a sech dëst Zil ze setzen: d'Äerderwiermung soll op 2 Grad, besser nach 1,5 Grad limitéiert ginn.

auto_stories

2 min

Dat war d'Iddi, de But. Elo gëtt zu Glasgow diskutéiert wéi dat Zil kann erreecht ginn. All Land muss hei deklaréiere wéi si dozou bäisteiere wëllen. A bis elo geet et net duer.

Dat erkläert déi vill Warnunge vu Stats- a Regierungscheffen hei zu Glasgow, ugefaange mam UNO-Generalsekretär Antonio Guterres.

"Mir sti virun engem klore Choix, entweder mir halen domadder op oder et stoppt eis. An et ass un der Zäit ze soen datt mir es genuch hunn, genuch mat der Zerstéierung vun der Bio-Diversitéit, genuch mat eisem Selbstmord mat CO2-Emissiounen, genuch domat datt mir d'Natur als Toilette benotzen, genuch mam Bueren, Verbrennen, mir maachen eis eege Griewer. Eise Planéit verännert sech virun eisen eegenen Aen, vun de Mieren bis hin zu de Biergspëtzten."

All Joer gëtt et esou eng Welt-Klimakonferenz. Eppes ass awer nei dëst Joer par Rapport zu de leschte véier: eng nei US-Regierung. De President Joe Biden huet sech esou guer entschëllegt fir sengem Virgänger Donald Trump seng Decisioun mat den USA aus dem Paräisser Klimaofkommes auszetrieden.

De russeschen an de chinesesche Chef sinn net do

D'USA wëllen nees ganz vir matmaachen am Kampf géint de Klimawandel, an an de Negociatiounen déi elo hei bis iwwernächste Weekend organiséiert ginn.

Washington well klimaneutral sinn am Joer 2050, mee China huet dat Zil just fir 2060 annoncéiert, an Indien fir 2070.

Et gëtt vill geschwat wärend dësen zwee éischten Deeg op der Bün, an hannert de Kulissen do gëtt schonn haart un engem méiglechen Akkord geschafft. Mee d'Delegéiert kënnen och just d'Positioun vun hire respektive Cheffe verdeedegen. Cheffe wéi de Vladimir Putin an de Xi Jinping si jo mol net hei. D'Negociatioune mat Russland a China gi schwéier, dat weess een elo schonn.

Xavier Bettel: Lëtzebuerg soll méi maachen

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel mengt hie weess de richtege Wee an dësen Negociatiounen.

De ganzen Interview mam Xavier Bettel lauschterenplay_arrow

Lëtzebuerg soll wéi all aner räicht Land méi maache fir den aarmen Entwécklungslänner ze hëllefe sech op de Klimawandel virzebereeden, oder sech schonn drun z'adaptéieren am Fall vu ville Länner wou d'Effete vun der Äerderwiermung schonn ze gesinn an ze spiere sinn. 20 Milliounen Euro méi gëtt et vu Lëtzebuerger Säit aus. Vill aner Länner mussen nach entscheede wéi déif si an d'Täsch wëllen.