Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coordinateure kréie Réckendeckung

Esch 2022

Coordinateure kréie Réckendeckung

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo hat d'Janina Strötgen an den Andreas Wagner an engem Tageblatt Interview schaarf kritiséiert. D'Buergermeeschtere Roberto Traversini an Dan Biancalana stelle sech awer hannert d'Coordinateure fir d'europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022.

auto_stories

3 min

Den Interview am Tageblatt hat fir vill Opreegung gesuergt. Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo hat d'Coordinateuren, Janina Strötgen an Andreas Wagner ënner anerem mat Schüler verglach, déi iwwerfuerdert wieren. Hie wéilt den Interview net kommentéieren, sou de Georges Mischo. Hie betount awer, datt hien an de Verwaltungsrot weiderhin hannert dem Projet Esch 2022 géife stoen.

Déi zwee Coordinateuren hu rezent de Gemengeréit aus dem Süden nach eng Kéier d'Konzept an en Iwwerbléck vun de Projete virgestallt. Mee nom Georges Mischo senge Kritike wollten déi aner Gemenge-Responsabel, dorënner de Member vum Escher Gemengerot Marc Baum vun déi Lénk, virun allem wëssen, wéi et elo virugeet.

Wéi geet et virun?

Bei der Fro, ob de Kontrakt vun de Coordinateuren, deen an dräi Méint ofleeft, verlängert géif ginn oder net, wollt den Escher Buergermeeschter sech awer net festleeën. "Dat ass keng Decisioun, déi ech eleng wäert treffen als President, mee déi huele mir zesummen am Verwaltungsrot."

Zwee Vize-Presidente vum Verwaltungsrot - den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini an den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana - hu sech dunn awer kloer hanner d'Coordinateure gestallt. De Roberto Traversini sot, et kéint ee sech schlecht virstellen, datt aner Leit de Projet Esch 2022 géife weiderféieren. Béid Buergermeeschtere wäerten den 18 anere Membere vum Verwaltungsrot virschloen, d'Aarbecht mam Janina Strötgen an Andreas Wagner weiderzeféieren.

"Loosst eis schaffen"

An d'Coordinateure wieren och bereet, dat weiderhin ze maachen. Si wieren zwar "geschockt" iwwer dem Escher Buergermeeschter seng Kritiken, esou den Andreas Wagner. Mä déi zwee Coordinateuren hätte sech e Mëttwoch mam Georges Mischo a mam Verwaltungsrot "ausgeschwat". Dat Allerwichtegst wier fir elo schaffen ze kënnen, sou den Andrea Wagner. Mee si bräichten och méi eng grouss Equipe, fuerdert d'Janina Strötgen. Et wier gutt méiglech, datt dat och géif passéieren.

D'Coordinateure kréien elo Büroen ageriicht am Pavillon nieft dem Escher Theater. An de Verwaltungsrot huet rezent en Aarbechtsgrupp gegrënnt, fir un de Finanzen an administrativen Demarchë fir Esch 2022 ze schaffen. Spéider entsteet aus deem Grupp dann de Comité de Suivi. Bereit de Georges Mischo seng Kritiken am Tageblatt Interview?

"Ech hat schonn am Wahlkampf gesot gehat, datt ech heiansdo meng Meenung soen, ob dat ee stéiert oder net. Mee 't ass natierlech net bei jidderengem gutt ukomm. Et kann och sinn, datt ech déi eng oder aner Saach ze vill gesot hunn. Voilà."

Nei Vetrieder vum Kulturministère

De Kulturministère huet säi Vertrieder vu bis elo am Verwaltungsrot vun Esch 2022, den Tom Gantenbein ofgezunn an d'Danièle Kohn-Stoffels an de Gilles Lacour am Plaz gesat. Dat huet e Spriecher vum Kulturministère eis confirméiert. Grond dofir wier, datt de Minister an de Staatssekretär, elo wou et ëm de Contenu vum Kulturjoer geet, duerch zwee Leit aus hirem enkste Krees vu Beroder am Verwaltungsrot vertruede wéilte sinn.

D'Danièle Kohn-Stoffels an de Gilles Lacour gehéieren allebéid zum Cabinet vum Kulturminister. De Wiessel ass e bëssen erstaunlech, well de Vertrieder vu bis elo, den Tom Gantenbein, eréischt virun zwou Wochen zum Vize-President vum Verwaltungsrot vun Esch 2022 gewielt gi war.