Seng nei Aarbecht hat viru véier Joer fir vill Opreegung gesuergt: Den EX-Kommissiounschef Jose Manuel Barroso hat ee Posten bei der amerikanescher Bank Goldman Sachs ugeholl. Hien hat 18 Méint gewaart, éier hien deen neien Job ugefaangen huet. Dat war genee déi Zäit, déi d'Reegele vun der Kommissioun deemools fir déi sougenannte Cooling-off-Period vun engem Ex-EU-Kommissiounspresident virgesinn hunn.
Juncker: Et hätt net misse Goldman Sachs sinn
Domat hat de Portugis net géint d'Reegele verstouss, huet d'Kommissioun dono betount. Et blouf bei enger moralescher Verurteelung. Et hätt net grad misse Goldman Sachs sinn, huet de Kommissiounspresident Juncker deemools enger franséischer Bloggerin op Euronews erkläert. Ëmmerhin hätt déi Bank dozou bäigedroen, datt et vun 2007 un zu enger Kris am Finanzsecteur koum.
D'Reegele goufen dono verschäerft, d'Cooling-off-Period gouf op zwee Joer verlängert. Fir de Kommissiounspresident dauert déi Iwwergankszäit neierdéngs esouguer dräi Joer laang.
Thrilled to start my new position as guest professor at @Handels_gbg today. Looking forward sharing and discussing with students. @goteborgsuni
- Cecilia Malmström (@MalmstromEU) January 7, 2020
Dat geet nach ëmmer net duer, seet d'Margarida Silva vum Corporate Europe Observatory. "Europa ass domat net vir bäi. A Kanada zum Beispill dauert déi Period fir Ministere fënnef Joer", sou d'Expertin.
Nei Reegelen hätte Barroso net gestoppt
Den Ombudsman vun der EU, d'Emily O'Reilly hat schonn 2016 drop higewisen, datt och déi nei Reegelen esou ee Fall wéi dee vum José Manuel Barroso, net verhënnert hätten.
Dat läit drun, datt net prezis definéiert gouf, wat déi zwee Joer Cooling-off-Period genee bedeiten, erkläert d'Margarida Silva. Ee fréieren EU-Kommissär muss d'Kommissioun just informéieren an eng Autorisatioun fir eng nei Aarbecht ufroen. "Mee déi nei Reegele schreiwen net genee genuch vir, wéini een Interessekonflikt optauche kéint a wéi eng Zort Aarbecht wierklech erlaabt ass", seet d'Margarida Silva.
Kommissioun huet a siwe Fäll gréng Luucht ginn
17 vun de 27 fréiere Kommissäre stinn zanter ufanks Dezember nees um fräien Aarbechtsmarché zur Verfügung. Ëmmerhin aacht bleiwen der op hirer aler Schaff als EU-Kommissär, zwee setzen elo als Europadeputéiert am Europaparlament.
Fir siwe fréier Kommissären huet d'Kommissioun bis elo gréng Luucht gi fir en neien Job. Nei ass, datt dës Decisiounen op der Homepage vun der Bréisseler Institutioun public gemaach ginn. Do kann een noliesen, datt déi meescht vun hinne sech fir eng akademesch Karriär decidéiert hunn. D'Reegele gesi vir, datt esou enger Karriär näischt am Wee steet.
A verschiddene méi kriddelege Fäll gëtt eng onofhängeg Ethik-Kommissioun consultéiert. Dat war zum Beispill beim Jyrki Katainen, dem fréieren EU-Kommissär fir Aarbecht, Wuesstum an Investitiounen de Fall. Seng Demande fir President vum finneschen Innovatiouns-Fong SITRA ze gi gouf vun där Kommissioun fir gutt befonnt. Hie krut an hirem Avis un d'Häerz geluecht, sech bei Interaktioune vum Fong mat der Europäescher Investitiounsbank a mam Europäeschen Investitiounsfong zeréckzehalen.
Oettinger grënnt Berodungsfirma
Net befaasst huet sech d'Kommissioun mam Fall vum däitsche Kommissär fir de Budget, dem Günther Oettinger, dee schonn am Summer decidéiert hat zesumme mat senger Fra eng Consulting Firma zu Hamburg ze grënnen. Een Interessekonflikt géif et hei net ginn, hat hien an engem Interview mat Politico gesot. Hien hätt fréier als Affekot geschafft a wéilt dat weidermaachen, sou de Günther Oettinger. D'Ethik-Kommissioun géif sech dann domat befaassen, wa konkret Berodungsfäll virleien, hat am Summer ee Spriecher vun der Kommissioun preziséiert.
"Ech kenne meng ethesch Contrainten. Ech sinn amgaang, meng berufflech Zukunft ze preparéieren, an dës Consulting ass een Deel dovun."
An der Ethik-Kommissioun vun der Kommissioun setzen dräi Leit, déi vun der Kommissioun selwer nominéiert ginn. Allerdéngs mussen hir Recommandatiounen net respektéiert ginn.
Eng Ethik-Kommissioun fir all d'EU-Intsitutiounen
Dat misst sech änneren, an d'EU als Ganzt bräicht ee wierklechen onofhängege Gremium, soen Organisatioune wéi Coroporate Europe Observatory. Esou ee Gremium kéint dann och d'Kandidate fir EU-Kommissär ze ginn op méiglech Interessekonflikter iwwerpréiwen, fënnt d'Margarida Silva.
Grad d'Auditioune vun deene Kandidaten am Parlament hätten zejoert gewisen, datt eng onofhängeg Kommissioun gebraucht gëtt, seet d'Europadeputéiert Manon Aubry vun der Gauche Unie.
"Dee momentane System huet seng Grenzen", stellt d'Manon Aubry fest. "D'Deputéiert hunn ze mann Zäit, fir d'Analys ze maachen a si hu keng Moyene fir d'Deklaratiounen ze iwwerpréiwen". Dobäi kéim, datt d'Europadeputéiert net onofhängeg sinn. "An der Praxis verteidedegen déi verschidde Fraktiounen hir eege Kandidaten", seet d'Fransousin.
Ombudsman bitt Hëllef un
Een neien onofhängegen Ethik-Gremium misst iwwerdeems net bei Null ufänken, erkläert den Ombudsman vun der EU, d'Emilly O'Reilly. Et kéint een op hir Institutioun zeréckgräifen, déi sech d'Reegelen an de verschiddene Länner ugekuckt huet an den europäeschen Institutiounen eng Analys doriwwer zur Verfügung gestallt huet. "Et ass also einfach. Mir musse kucken, wat déi Bescht sinn a se dann ëmsetzen", stellt d'Emily O'Reilly fest.
Ëmmerhin hätt déi nei Kommissiounscheffin eng EU-Kommissärin genannt, déi Transparenz an hirem Titel dréit. "Ech denken net, datt dat virun zéng Joer méiglech gewiescht wier. Dat weist, dat sech eppes geännert huet an datt dat, wat mir am meeschte brauchen, hei Gedold ass."
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.