Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Convoi vun LUkraine um Wee zeréck op Lëtzebuerg

Humanitär Hëllef

Convoi vun LUkraine um Wee zeréck op Lëtzebuerg

Déi éischt Fräiwëlleg vum Convoi, dee vun der ASBL LUkraine organiséiert gouf, sinn elo um Réckwee. Iwwert dee Convoi gouf humanitär Hëllef an den Oste vun der Ukrain geschéckt. Mëttlerweil sinn déi Fräiwëlleg zu Kiew ukomm a sollen de Sonndeg erëm zu Lëtzebuerg sinn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Mat dobäi ass och den Nicolas Zharov, President vun der ASBL LUkraine. Hir Haaptmissioun war et, ënnert anerem Ambulanzen an e mobillen Zänndokter-Cabinet an den Oste vun der Ukrain ze transportéieren. Si hunn op der Plaz d'Koordinatioun iwwerholl fir Hëllefsgidder z'iwwerreechen. De Krich an der Ukrain dierft net vergiess ginn. An de leschten dräi Deeg hu si vill vun der Situatioun op der Plaz matkritt, huet eis den Nicolas Zharov een Donneschdeg den Owend erzielt.

"Par exemple aujourd'hui notre partenaire il était à l'hopital des aborigiens, et cet après-midi il y avait déjà 6 personnes d'amputés. En moyenne ca fait 10 personnes par jour, ou 300 personnes par mois. Donc les besoins des protèses et d'autre matériel sont énormes."

Déi psychologesch Betréiung ausbauen

De Besoin un humanitärer Hëllef an der Ukrain wier nach ëmmer enorm, d'Partner op der Plaz bleiwen dofir aktiv, sou nach de President vun LUkraine Nicolas Zharov. Et géif verschidden Aufgabe ginn. Esou wéilt een ënner anerem d'Rehabilisatiounszentere renovéieren.

"Les soutiens psychologiques et surtout tout ce qui concerne les soutiens post-tramautiques. Donc là on est en train de voir avec les partenaires en israél de former les spécialistes en Ukraine."

Et stinn nach eng Rei Rendez-Vousen zu Kiew un, ier et da mat engem Minibus weider zeréck a Richtung Lëtzebuerg geet.