Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lord Echo - Wang East

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Contact Esch: "Besser si konsuméieren hei, wéi do baussen"

Drogenhëllef

Contact Esch: "Besser si konsuméieren hei, wéi do baussen"

24 Konsumente vu staarken Drogen - dorënner Heroin a Kokain - fannen an der Moyenne pro Dag hire Wee an de Contact Esch. Dësen neien Drogekonsumraum ass viru véier Méint opgaangen, fir d'Drogenhëllef am Land weider ze dezentraliséieren.

auto_stories

4 min

Um hallwer néng moies mécht de Contact Esch seng Dieren op. Drogenofhängeg Leit kënne bis véier Auer nomëttes eran- an erausgoen. Weekends a wärend der Nuecht mécht d'Gebai zou, sou d'Martina Kap vun der Fondatioun Jugend an Drogenhëllef. Si ass geleiert Psychologin an Direktesch vum Contact Esch. Niewent dem Abrigado zu Bouneweg ass dësen elo den zweeten Drogekonsumraum am Land.

Verstoppt hanner enger Clôture féiert e Wee zur Entréesdier vum Contact Esch. Erakënnt een als éischt an de Kontakt Café, e Sall an deem zesumme geschwat, Kaarte gespillt, Filmer gekuckt, oder giess ka ginn. Dëse grenzt direkt un en Infirmierssall an Drogekonsumraum un.

Am Café géifen d'Leit direkt en Uspriechpartner fannen, dee si beispillsweis kënne froe fir e Kaffi ze drénken, fir an de Konsumraum ze goen, oder mat hirem Uspriechpartner schwätzen.

D'Martina Kap vun der Jugend- an Drogenhëllef

Och Sprëtze ginn op dëser Plaz ausgetosch "das geht dann einfach über die Theke", sou d'Martina Kap.

Propper an organiséiert Konsumraim si wichteg fir d'Konsumenten

Am Géigesaz zum Abrigado an der Stad wier de Contact Esch méi heemlech a propper, sou en 53-Järege Methadon-Konsument, deen zanter 30 Joer drogenofhängeg ass.

"Et sinn ëmmer kënneg Leit do - mat verschiddene Leit kann een och mol eng Diskussioun oder sou hunn. Dat ass scho wichteg, wann ee mat engem ka schwätzen."

Niewent sozialem Kontakt géif ee virun allem awer d'Méiglechkeet kréie propper ze konsuméieren a sech viru Krankheete ze schützen, sou de Mann.

"Fir elo net op der Strooss ze konsuméieren. Ech hu laang intravenéis konsuméiert. A wann een d'Moyenen huet fir dat propper ze maachen, da soll een och dovunner profitéieren."

Vertrauen an Uspriechpersoune si wichteg

Fir den Drogekonsumraum am Contact Esch benotzen ze kënnen, muss sech awer u kloer Reegele gehale ginn, erkläert d'Martina Kap a seet, datt den Drogekonsumraum am Ganzen aus zwee Deeler besteet, déi an der Reegel vun zwee Mataarbechter iwwerwaacht ginn.

Ee Raum wier fir den intravenéise Konsum geduecht, an engem anere Raum géifen Heroin a Kokain gefëmmt ginn. An de Raum, an deem gefëmmt gëtt, géif een normalerweis net eragoen, well ee soss automatesch géif mat fëmmen, sou Martina Kap. Duerch eng Fënster hätt een awer en Abléck an dee Raum. Am Raum, an deem Droge gesprëtzt ginn, wier hannen eng Théik, fir mat de Leit kënnen ze schwätzen.

Der Direktesch no, ass Kommunikatioun also e wichtege Bestanddeel fir d'Vertrauen tëschent den Drogenofhängege Clienten an de ronn 14 Mataarbechter opzebauen.

"Wir können ihnen dann auch nen Spiegel vorhalten: "Oh heute warst du aber schon fünf Mal hier drinnen." Wir sagen dann nicht, nein du kannst jetzt nicht mehr, sondern wir kommen dann an die ran, und können mit ihnen reden. Also besser sie konsummieren hier, als draussen."

Nach keng Entlaaschtung fir den Abrigado an der Stad

Nieft psychosozialer Ënnerstëtzung kréien Drogekonsumenten am Contact Esch och d'Méiglechkeet sech reegelméisseg op Hepatite an HIV ze testen. Beim neien Drogekonsumraum géif et awer och drëms goen d'Awunner zu Esch méi ze schützen.

Esou Raim géifen dozou bäidroen, datt manner op der Strooss, an Haaptentréeën, oder op Spillplaze konsuméiert gëtt. Der Direktesch no wier d'Zil vum Contact Esch also och fir der Ëffentlechkeet ze weisen, datt en dezentraliséierten Drogekonsumraum och méi kleng an diskret ka funktionéieren.

"Dass die Gemeinde Esch sagen kann: Ok, wir haben zwar einen Drogenkonsumraum, aber nicht diese Schwierigkeiten, wie das jetzt in der Stad Luxemburg ist, wo da ne offene Szene ist. Und das hoffe ich, werden wir auch nie hier haben."

Eng Entlaaschtung fir den Abrigado géif de Contact Esch den Ament awer net onbedéngt mat sech bréngen, sou d'Martina Kapp. Mam gratis ëffentlechen Transport, dee fir Mäerz 2020 ugeduecht ass, kéint dat sech awer veränneren.